Bilan: Punktuell Onwieder duerch méi wéi 60 l/m² Reen a kuerzer Zäit

Haaptsächlech déi westlech Hallschent vum Land huet eng immens onroueg Nuecht hannert sech. Nieft engem grousse Blëtzspektakel koum et punktuell zu immens grousse Reenzommen a kuerzer Zäit esouwéi och Knëppelsteng a Stuermstéiss.

Advertisement

Immens geluede Loftmass huet sech entlueden

Den 8. August hate mir eng éischt Kéier op den Donnerwiederpotenzial vu gëschter opmierksam gemaach, eng méi ausféierlech Beschreiwung gouf et e Freiden. Et war also fréi gewosst, dass sech en immens grousst Donnerwiederpotenzial géif iwwert eise Géigende breetmaachen.

Wéi awer och thematiséiert, bréngt engem e grousst Potenzial näischt, wann et keen Ausléiser gëtt, deen zur Entluedung féieren. Gëschter gouf et nämlech kee flächendeckenden Impuls, wéi beispillsweis eng Kalfront. Gëschter koum et, wéi am Donnerwieder-Outlook betount, just zu e puer lokaliséierte Konvergenzzonen (Zonen, un deenen de Wand aus verschiddene Richtungen openeentrëfft). Un dëse konnt punktuell de néidegen Opdriff generéiert ginn, deen dunn d’Donnerwieder-Hemmung (och nach Deckel genannt -> waarm an dréche Loftschicht an der Atmosphär, déi d’Bildung vu Wiedere verhënnert) an enger éischter Phas just punktuell duerchbrach huet.


D’Konzept vum sougenannten “Deckel” | Grafik: WFAA.com

Am Laf vum Owend gouf en dunn op ëmmer méi Plaze “gesprengt”, wouduerch d’Entwécklungen op eemol och méi verbreet stattfonnt hunn, mee ëmmer nach a Form vun Eenzelzellen. Ënnerstëtzt goufen d’Entwécklungen och vu sougenannten “Outflow Boundaries”: Vereinfacht gesot versteet een dorënner Drockwellen, déi sech vu sech ofschwächenden Donnerwieder ofdrécken a sech ausbreeden. Treffen dës op e Widderstand, wéi z.B. Hiwwelen/Bierger oder och un eng aner Boundary, da kënne sech weider Zelle forméieren. Dat war gëschter an och an der Nuecht stänneg de Fall.

Dës Zellen haten an éischter Linn immens vill Reen mat sech bruecht, punktuell huet et awer och gestiermt an et koum zu Knëppelsteng. D’Knëppelsteng waren de Radarmiessunge no punktuell bis zu 3 cm déck, besonnesch am Ufank vun der Existenz vun de jeeweilegen Zellen. Well d’Zellen “pulséiert” hunn (Pulse Storms), hunn hir Intensitéiten a kuerzen Zäitofstänn staark variiéiert.

Den zäitlechen Oflaf

Dass et lues a lues an eise Géigende géif lassgoen, huet e massivt Onwieder am Raum Gouvy gewisen. No e puer eenzelnen Zellen an der Ëmgéigend huet sech vu 19 Auer un dat eigentlecht Onwieder forméiert. Bis 20:30 Auer koum et op dëser Plaz duerchgängeg zu zolittem Staarkreen, gekoppelt mat Knëppelsteng (zäitweis 5 cm am Duerchmiesser laut Radardonnéeën) a Stuermstéiss. Tëscht Sterpigny, Courtil an Honvelez huet et mat 90 bis 110 l/m² am meeschte gereent. Op enger Sträif vun Keren bis erop op Wanne koumen op d’mannst 40 l/m² erof. Nach eng Kéier fir ze betounen: Dës Zomme koumen an ongeféier enger Stonn erof – normalerweis reent et an engem ganze Mount August ëm 70 l/m². Mat eisem SkyWatch-Warnsystem hate mir d’Entwéckelungen gutt am Aen an hunn am Laf vun der Zäit och missen op déi héchst Warnstuf iwwergräifen.


Mat eisem SkyWatch-Warnsystem hate mir fir dës Zell déi héchst Warnstuf erausginn | Screenshot: Météo Boulaide

No dësem massiven Onwieder war kloer, wéi e Potenzial an der Loft läit. No enger punktueller Staarkreenschauer géint 20:40 Auer zu Altwies ass den “Deckel” kéint 21:05 Auer am Norde vum Land definitiv duerchbrach ginn. Zu Wëlwerwolz an och am Raum Donkels hu sech déi éischt Donnerwieder mat Staarkreen a Knëppelsteng forméiert an hu sech bis 21:45 Auer weider an de Raum Stackem, Aasselbuer an Ëlwen beweegt. Eent vun den Onwiederen, dat fir den allermeeschte Reen gesuergt huet, huet sech géint 21:40 Auer westlech vu Brattert forméiert. Bis ongeféier 23:30 Auer huet et duerchgereent, an dat mat enger immenser Intensitéit. Knëppelsteng a punktuell stiermesche Wand waren och erëm dobäi.


Screenshot vum SkyWatch mat den aktiven Hiweiser a Warnungen géint 22:40 Auer | Screenshot: Météo Boulaide

Tëschenzäitlech hu sech d’Donnerwieder vun 22:30 Auer un och an de Westen an deels Südweste vum Land breetgemaach, géint 23:05 Auer huet et och am Raum Contern ugefaange mat knuppen. Dës Donnerwieder hu sech vun 23:25 Auer un bis ronderëm 00:50 Auer haaptsächlech op zentral geleeë Géigende vum Land fixéiert a sech haaptsächlech erëm mat vill Reen profiléiert.

Eng weider Ronn un Donnerwieder huet eist Land géint 02:10 Auer erreecht, getraff huet et de Südwesten an den äusserste Westen. Nodeems dës awer séier zu normalem Reen iwwergaange sinn, waren tëscht 04:10 an 05:30 Auer weider Donnerwieder aktiv, déi sech vum äusserste Süden bis an de Norde virugeschafft hunn.

Wou war et am naassten?

Vu Kachelmannwetter kalibréierte Radardonnéeë no sinn am Raum Kayl an de vergaangene 24 Stonnen 66 l/m² Reen vum Himmel komm. Leider steet keng Wiederstatioun no genuch, fir dëse Wäert ze verifizéieren – wéi gesot: duerch en eenzelzellulare Modus koum et vu Plaz zu Plaz zu groussen Ënnerscheeder. Zu Rammeldeng weisen d’Radardonnéeën och 64 l/m². De Raum Äischen ass och an d’Aen gefall, hei koumen den Estimatioune no knapp 80 l/m² erof. Déi notst Wiederstatioun, Käerch (ASTA), huet 52,2 l/m² registréiert.


Déi grob opgeléist Kaart mat de Reenzommen laut DWD-Radardonnéeën | Screenshot: Météo Boulaide

Mam Bléck op d’Donnéeë fällt déi gréisst Opmierksamkeet op de Nordweste vum Land, dorënner Ueschdref, Néngsen, Bauschelt, Tarchamps an Harel. Verbreet huet et bis zu 50 l/m² gereent. Am Raum Wolwen a Flatzbuer goufen punktuell bis bal 80 l/m² gezielt. Nërdlech vun der Ueschdrëffer Millen an och am Raum Néngsen weise Radardonnéeë bis zu 94 l/m² Reen. Un der Wiederstatioun zu Ueschdref, déi nëmme knapp südlech vun dësem Kär läit, huet et 65,2 l/m² gereent – alleng tëscht 22 an 23 Auer goufen 40,3 l/m² gemooss. Dëst war e markant Onwieder, dohier hu mir mat eisem Warnsystem de Niveau 2/3 ausgeruff.

Verifizéierung vum Donnerwieder-Outlook

D’Verifizéierung vum Donnerwieder-Outlook fir dëst Event däerf net feelen. Folgend Grafik weist den Outlook (also d’Prognos) am Verglach zu der Realitéit, an dësem Fall mat de Meldungen an déi europäesch Datebank fir Onwieder (European Severe Weather Database):


Outlook + ESWD Meldungen, Stand 14.08.2024 – 15:40 Auer

An hei dat selwecht, just mat de Blëtzer per Blitzortung.org:


Outlook + Blëtzer vu blitzortung.org

De “KLENGE RISK” gouf gewielt, well d’Modeller, besonnesch vu gëschter am Nomëtte bis an den Owend eran, nëmme mat isoléierten Zelle gerechent huet – wat dunn och esou war. Eréischt fir méi spéit, wéi am Outlook och gëschter betount, waren e puer Berechnunge mat méi groussflächegen Entwécklunge fir eis dobäi. D’Risk-Stuf huet also net ëmmer eppes iwwert d’Intensitéit auszesoen, mee och doriwwer, wéi flächeg et kann zu Onwieder kommen.