De Wanter 2023/2024 huet sech vun enger immens variabler Säit gewisen, dat gréisstendeels och mat iwwerduerchschnëttlechen Temperaturen. Doduerch gouf et, alt erëm, just e puer eenzel Phasen mat Schnéi.
Advertisement
Am Januar wanterlechst Phas
An dësem Wanter hate mir just kuerz eng Phas, an där et sech bal “wéi deemools” ugefillt huet: No der geféierlecher Situatioun mam Glëtz de 17. Januar konnt sech nämlech eng markant Schnéicouche ausbilden – dat och do, wou et normalerweis net esou oft wäiss gëtt am Land. Wéi et an de leschte Joren awer ëmmer erëm esou ass, dauert et ni laang, bis erëm méi waarm Loftmassen d’Iwwerhand huelen – an de Schnéi doduerch eben erëm séier “Schnéi vu gëschter” ass.
An dësem Artikel bezéie mir eis op d’Klimawäerter vun der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel. Zumools well de Februar en immens aussergewéinleche Mount war, ass dëse Bilan vu grousser Wichtegkeet.
Et war däitlech ze waarm
Wärend dem meteorologesche Wanter 2023/2024 louch d’Duerchschnëttstemperatur bei 4,1°C – wat 2,2°C iwwert der laangjäreger Moyenne (1991 – 2020) läit. Déi duerchschnëttlech Maximaltemperatur louch bei 6,5°C, déi duerchschnëttlech Miniamltemperatur bei 1,7°C. Déi héchst Temperatur, um Findel ëmmer nach, gouf de 15. Februar 2024 mat genee 13°C erreecht. Zoufällegerweis louch de Minimum bei genee -13°C, dat den 20. Januar 2024. Mat dësen Donnéeë kann ee schlussfolgeren, dass de rezente meteorologesche Wanter zesumme mat dem vun 2015/2016 den drëttwäermsten um Findel war. Dass de Februar alleng awer schonn e markante Rekordmount war, dat hate mir hei thematiséiert.
De Februar war de naasste Mount
Mat dobäi kënnt, dass de Wanter 2023/2024 och däitlech ze naass war – mee ech denken, dat ass jidderengem opgefall. Gemooss goufen um Fluchhafen 268,4 l/m², duerchschnëttlech sinn et der awer normalerweis 220,6 l/m². De meeschte Reen ass am Februar erofkomm, dat mat 99,6 l/m² – wat och ze vill war. Am ganzen koum et un 53 Deeg vum Wanter zu Nidderschléi vun enger Akkumuléierung vun op d’mannst 0,1 l/m² – soss sinn et duerchschnëttlech 51 Deeg. Et gouf och just u 9 Deeg eng Schnéidecke gemooss, woubäi den Duerchschnëtt bei 21 Deeg läit.
E besonnesch Sonn-aarme Wanter
Fir ofzeschléissen dann nach e Bléck op d’Sonnestonnen, där am ganze Wanter net genuch gezielt goufen. Et waren 124,8 Stonnen, normal sinn et der awer 173,7. Den Dezember an de Februar waren immens Sonn-aarm, mee de Januar huet mat 66,1 Stonnen awer erausgestach – dëst ass esouguer iwwerduerchschnëttlech, well de Januar normalerweis 52 Stonne Sonn zielt. Am Endeffekt kann een als Fazit zéien, dass de Wanter 2023/2024 op déi zweet Plaz kënnt vun deene Wanteren, an deenen d’Sonn am mannste geschéngt huet. Un éischter Plaz bleift de Wanter 1989, deemools huet d’Sonn just wärend 27,2 Stonne geschéngt.