Bilan: Réckbléck op en ze waarmen an ze dréchene November 2020

Wéi et ofzegesi war, ass och de November als en ze dréchenen an ze waarme Mount an d’Geschicht agaangen.

Ze waarm an ze dréchen

Wéi am Ufank vum November spekuléiert, ass de Mount wierklech en ze waarmen an ze dréchene ginn. An domat nach net genuch: direkt den zweete Novemberdag ass e neien Allzäit-Temperaturrekord fir e Mount November zu Lëtzebuerg registréiert ginn.

Un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdénscht MeteoLux ass den 2. November 2020 eng Maximaltemperatur vu 19,8 Grad gemooss ginn. Dëst war déi héchst bis ewell gemoossen Temperatur an engem November zanter Opzeechnungsufank. Al Rekorder ginn op de 6. November 2011 mat 18,4 Grad oder den 2. November 1972 mat genee 18,0 Grad zréck. Déi déifst Temperatur ass um Findel den 30. November 2020 mat -5,9 Grad opgetrueden. Op de ganze Mount gekuckt komme mir op eng Temperaturmoyenne vu 6,6 Grad, d’Moyenne fir e Novembermount zu Lëtzebuerg läit bei 4,7 Grad. Dëst mécht also eng Differenz vu +1,9 Grad aus, wat verdäitlecht, dass de Mount eng gutt Nummer ze waarm ausgefall ass.

Och a Saache Reen hate mir et mat gréisseren Anomalien ze dinn. Iwwert de ganze Mount gekuckt sinn 32,5 l/m² Waasser vum Himmel komm, normal fir e November sinn 76,5 l/m². Et huet am Endeffekt also 44 l/m² ze mann gereent. De naasste Novemberdag hate mir de 16. November 2020 mat 12,5 l/m². Et gouf 10 Deeg, un deenen et op mannst 0,1 l/m² gereent huet.

Wa mir op de Wand kucken, da war de markantsten Dag de 15. November 2020. Am Zesummenhang mat engem Frontesystem ass e maximale Wandstouss vu 66,6 km/h aus Süd-Südwesten opgetrueden. Wat d’Sonnestonnen ugeet, hu mir och eng gréisser Differenz virleien. De November iwwer goufen 106,5 Sonnestonne gezielt, fir de Mount normal sinn awer just 54,1 Sonnestonnen. D’Sonn huet also 52,4 Stonne méi laang geschéngt wéi soss.

Nidderschlagsdefizit a Bauschelter Gemeng nach méi grouss

Och un der Wiederstatioun vu Météo Boulaide ass et am November ze dréchen an ze waarm gewiescht. Den 2. November 2020 gouf eng Maximaltemperatur vu 17,5 Grad gemooss – et war och do de wäermste Novemberdag zanter Opzeechnungsufank am November 2011. Déi niddregst Temperatur konnt den 30. November 2020 mat -6,9 Grad gemooss ginn, parallel dozou ass mat -8,3 Grad op Buedemhéicht (5cm) de markantste Buedemfrascht gemooss ginn. Iwwert de ganze November gekuckt louch d’Duerchschnëttstemperatur op 2 Meter (Norm) bei 6,37 Grad. Et war domat also ëm 1,67 Grad ze waarm.

De Reendefizit ass un Statioun an der Gemeng Bauschelt nach méi staark ausgefall wéi un der Statioun um Findel. Et huet de ganze Mount iwwer 28 l/m² gereent, d’Moyenne läit dem staatleche Wiederdéngscht MeteoLux no bei 76,5 l/m². Et huet deemno also 48,5 l/m² ze mann gereent. De naassten Dag ass de 15. November 2020 mat 9,2 l/m² registréiert ginn. Et huet un am ganzen 19 Deeg op mannst 0,1 l/m² “gereent” (inkl. liichte Nidderschlag a Form vu Fisemreen duerch Niwwel).

Den héchste Wandstouss hate mir den 2. November 2020 mat 59,5 km/h aus West-Südwesten.