Bilan: September bis ewell mam Januar de normalste Mount vum Joer 2022

A kengem Mount vun dësem Joer - ausser am Januar an elo am September - sinn d'Duerchschnëttswäerter a Saachen Temperatur a Nidderschlag esou no un déi jeeweileg laangjäreg Duerchschnëttswäerter erauskomm.

September ass bal duerchschnëttlech ausgefall

De September 2022 ass nawell zimmlech duerchschnëttlech ausgefall. Reng baséiert op d’Verhältnis tëscht dem gemoossenen an der laangjäreger Moyenne – jeeweileg fir Temperatur a Nidderschlag – war et zesumme mam Januar 2022 een vun de bis ewell normale Méint vum Joer 2022.

Am Januar ass eng Duerchschnëttstemperatur vun 1,9 Grad opgetrueden, déi laangjäreg Moyenne läit bei 1,4 Grad. Dat mécht also eng Differenz vu +0,5 Grad aus. Wat de Reen betrëfft, huet et deemools 68,9 l/m² iwwert de ganze Mount gereent, normal sinn 72 l/m². Och dat mécht just eng minimal Differenz vu -3,4 l/m² aus. A wat huet eise September 2022 gemaach?

Am September 2022 ass un der Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht eng Duerchschnëttstemperatur vun 13,8 Grad gemooss ginn. Am wäermste war et de 5. September mat 28,6 Grad, am keelste war et den 30. September mat 2,9 Grad. De selwechte Moien ass un der ASTA-Statioun zu Aasselbuer beispillsweis eng Minimaltemperatur vu -1,2 Grad opgetrueden, einfach fir niewebäi ze erwäänen. Gereent huet et 67,8 l/m², wat also e geréngfügegen Iwwerschoss vu just 1,6 Grad duerstellt. Net nëmmen d’Temperatur an de Reen war quasi duerchschnëttlech, mee och d’Sonnestonne si net wäit ewech vun hirem Soll-Wäert gewiescht. 181,9 Sonnestonne goufen um Findel gezielt, normal sinn et der 174,9 Stonnen (Diff.: 7h).

Iwwerduerchschnëttlech waren d’Deeg, un deenen et op mannst 0,1 l/m² gereent huet. Gezielt goufen der 16, normal sinn et der 12,2. Deeg, un deenen et zu Donnerwieder komm ass, goufen et der 5 – normal sinn et der 1,5. Am Allgemenge goufen de ganze Mount iwwer 7 eenzel Donnerwieder registréiert, an engem September normal sinn et 2,3.

D’Duerchschnëtts-Donnéeën zanter Januar 2022

Dëst sinn d’Duerchschnëtts-Donnéeën aus de leschte Méint, verglach mat der Referenzperiod vu 1991 bis 2022.

Temperatur

  • Jan: Temp.: 1,9°C Norm.: 1,4°C Diff.: 0,5
  • Feb: Temp.: 4,5°C Norm.: 2,2°C Diff.: 2,3
  • Mäe: Temp.: 6,9°C Norm.: 5,7°C Diff.: 1,2
  • Abr: Temp.: 8,7°C Norm.: 9,6°C Diff.: 0,9
  • Mee: Temp.: 15,4°C Norm.: 13,5°C Diff.: 1,9
  • Jun: Temp.: 18,3°C Norm.: 16,7°C Diff.: 1,6
  • Jul: Temp.: 20,6°C Norm.: 18,7°C Diff.: 2
  • Aug: Temp.: 21,5°C Norm.: 18,4°C Diff.: 2,8
  • Sep: Temp.: 13,8°C Norm.: 14,3°C Diff.: 0,5

Donnéeën: MeteoLux

Nidderschlag

  • Jan: Reen: 68,6l/m² Norm.: 72,0l/m² Diff.: -3,4
  • Feb: Reen: 72,4l/m² Norm.: 59,0l/m² Diff.: 13,4
  • Mäe: Reen: 25,0l/m² Norm.: 57,0l/m² Diff.: -32
  • Abr: Reen: 34,0l/m² Norm.: 49,0l/m² Diff.: -15
  • Mee: Reen: 29,8l/m² Norm.: 71,2l/m² Diff.: -41,4
  • Jun: Reen: 46,4l/m² Norm.: 75,6l/m² Diff.: -29,2
  • Jul: Reen: 6,8l/m² Norm.: 71,5l/m² Diff.: -64,7
  • Aug: Reen: 21,4l/m² Norm.: 71,9l/m² Diff.: -50,5
  • Sep: Reen: 67,8l/m² Norm.: 66,2l/m² Diff.: 1,6

Donnéeën: MeteoLux