Bilan vum Januar 2024: Duerchschnëttlech Temperaturen a liicht ze naass

Villen ass sécherlech opgefall, dass mir am Januar no laanger Zäit mol erëm “richtegt Wanterwieder” haten. Dëst weist sech och am méintleche Bilan.

Advertisement

E Wantermount “wéi fréier?”

An de leschten 30 Joer ass et däitlech méi waarm ginn, dat ass e Fakt. Wa mir eis elo op d’Januare bezéien, dann ännert sech näischt un dëser Ausso. An engem Januar läit eis Temperatur bei duerchschnëttlech 0,8°C, dat baséierend op der laangjäreger Moyenne tëscht 1981-2010. Zanter dem Joer 2021 gëtt d’Referenzperiod 1991-2020 benotzt, fir dës bedréit déi duerchschnëttlech Januartemperatur 1,4°C.

Am Januar vum Joer 2020 hate mir eng Moyenne vu genee 3,6°C (2,8°C ze héich), 2021 louch se bei genee 1°C (ëm 0,4°C ze niddereg), 2022 bei 1,9°C (ëm 0,5°C ze héich) an am Januar vum leschte Joer louch se bei 3,3°C (wat 1,4°C ze héich ass). Mir meirken also, dass alleng just an de leschten dräi Joer de Januar an de meeschte Fäll ze waarm war.

Dann kënnt de Januar 2024, deen rezent op en Enn gaangen ass. D’Laangzäitmoyenne läit bei 1,4°C, a genee esou och d’Moyenne vun dësem Mount. Op déi aktuell Referenzperiod bezunn war en also duerchschnëttlech, op déi al bezunn (1981-2010) wier en awer ëm 0,6°C ze waarm gewiescht. “Wanterwieder wéi fréier” kann een also net grad genee esou behapten, an awer huet sech de Januar vill méi wanterlech gewisen wéi soss. Mir haten immens kill Phasen an et gouf no laanger Zäit och mol erëm Schnéi bis op déi ganz déif Plazen.

Folgend Donnéeë bezéie sech op d’Wiederstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel. De 24. Januar gouf eng Maximaltemperatur vun 11,1°C gemooss, iwwerdeems et den 20. Januar mat -13°C am keelste war. Luusse mir awer séier eriwwer an d’Statiounsnetz vun AgriMeteo, da gesi mir, dass um selwechte Moien zu Ueschdref bis zu -17°C kal war.

Zréck op de Findel: Am Januar 2024 huet et iwwer 12 Deeg verdeelt 92,4 l/m² gereent, wat 20,4 l/m² iwwert der Moyenne läit (72,0 l/m²). D’Sonn konnt sech 66,1 Stonne laang weise kommen, den Duerchschnëtt läit bei 52 Stonnen. De Januar war also liicht ze naass, iwwerdeems en awer och iwwerduerchschnëttlech sonneg war.

Domat louchen d’Laangzäitmodeller guer net esou falsch. Am Ufank Dezember haten se zwar nach en däitlech ze waarme Mount op eis duerkomme gesinn, mee a Richtung Januar hu se hir Berechnungen dunn an alle Beräicher an e méi duerchschnëttleche Beräich erofkorrigéiert gehat.