De Mee 2024 ass esou richteg an d’Waasser gefall. Punktuell huet et méi wéi 200 l/m² gereent, iwwerdeems d’Temperature guer net esou schlecht ofgeschnidden hunn wéi ee kéint mengen.
Advertisement
Et huet vill ze vill gereent
Ier mir eist d’Wäerter ukucken, kläre mir kuerz, wat dann eigentlech den Duerchschnëtt fir déi eenzel Parameter ass. Un der Referenzstatioun vum staatleche Wiederdéngscht um Findel läit d’Moyenne vun der Temperatur an engem Mee bei 13,5°C, iwwerdeems d’Moyennen vun der Maximaltemperatur bei 18,4°C a Minimaltemperatur bei 8,7°C leien.
Wat de Reen betrëfft kommen duerchschnëttlech 71,2 l/m² vum Himmel, Reen-Deeg ginn et der normalerweis 14. D’Sonn schéngt 226,3 Stonne laang.
Am elo vergaangene Mee 2024 gouf et awer besonnesch eng gréisser Opmierksamkeet, nämlech de Reen. Um Findel goufen 176,5 l/m² gemooss, wat also en Iwwerschoss vun 105,3 l/m² ass! Un dëser Statioun läit de Rekord vum naasste Mee bei 200,9 l/m², gemooss am Joer 1988.
Och wann et un dëser Statioun kee Rekord war, ass dovun auszegoen, dass et eventuell un e puer anere Statiounen am Land awer dofir duergaangen ass. Iwwerdeems de Bulletin vun AgriMeteo nach net eraus ass, stëtze mir eis op d’Donnéeë vum Wiederradar zu Neuheilenbach an Däitschland, deen jo och Lëtzebuerg ofdeckt. Dësem no huet et haaptsächlech am Süde vum Land, am Beräich tëscht Leideleng, Fréiseng an Esch-Uelzecht deels tëscht 200 an 226 l/m² gereent. E weideren immens nasse Fleck läit knapp nordwestlech vu Longsduerf, do huet et bis zu 223 l/m² gereent. Soss si mir meeschtens ënner 200 l/m² bliwwen, den Haapt-Range läit tëscht 140 an 180 l/m².
Minimal iwwerduerchschnëttlech Temperaturen
Och wann dat fir den een oder aneren erëm net novollzéibar ass, ass et awer esou: Et gouf eng Duerchschnëttstemperatur vun 13,9°C festgestallt, wat also +0,4°C iwwert der Moyenne läit. Et kann een also net onbedingt soen de Mount wier ze waarm oder ze kal gewiescht, mee e war duerchschnëttlech bis just minimal driwwer. D’Duerchschnëttstemperatur gëtt aus den Temperaturen, déi de ganze Mount iwwer gemooss ginn, zesummegestallt – egal ob Dag oder Nuecht.
Besonnesch an der éischter Hallschent vum Mount sinn déi héchst Temperaturen opgetrueden. Den éischte Mee ware mir mat Maximalwäerter vu bis zu 26,1°C ënnerwee. E weidere Summerdag hate mir den 12. Mee mat och erëm 26,4°C. Soss goufe just nach héchstens 22 oder 23°C erreecht, op eenzelne Plaze war et mat 12 bis 16 Grad un eenzelnen Deeg awer och mol ënnerduerchschnëttlech.
Am Endeffekt ass et dunn awer fir den uewe genannte méintleche Wäert duergaangen. Et muss also net ëmmer zu markanten Hëtzt-Peaks kommen, fir dass ee Mount awer minimal “ze waarm” ausfällt. Dës Peaks si mir einfach schonn ze vill aus de leschte Jore gewinnt, obwuel se net normal waren. Heescht also, dass mir a Saachen Temperaturen endlech mol erëm e normale Mee haten, iwwerdeems de Reen extreem ausgefall ass – woubäi och d’Sonnestonnen duerch dat villt Naass vun uewen mat 151,3 Stonnen zimmlech erofgedréckt goufen.