Bis de Freiden inclus: Vill Reen duerch Dauerreen-Phasen ze erwaarden

An de nächsten Deeg musse mir eis op vill Reen astellen. Et kann och mol stonnelaang um Stéck reene, wouduerch gréisser Quantitéite méiglech ginn.

Prabbeli net vergiessen

Et heescht deemnächst, de Prabbeli net ze vergiessen. Woubäi… well de Wand jo och eng Roll spille wäert, kéint dat och net esou klappe wéi et soll. Et stinn wierkelch turbulent Deeg an d’Haus – immens zolitt sinn se net, mee et gëtt richteg ongemittlech zu Lëtzebuerg.

Nom Update a Saache Wand kucke mir eis elo och de Reen méi genee un. Dëse spillt an de nächsten Deeg och nach eng gréisser Roll, esouguer Dauereen soll sech breetmaachen. Ugoe soll dat Ganzt schonn vum spéideren Owend un. E richtege Schluss dovun ass de Moment am Laf vum Freidenomëtte virgesinn. Heescht also: Bis dohin reent et ëmmer erëm, och am Stil vun Dauerreen. Nëmmen heiansdo ginn et och mol méi roueg Phasen, wou sech de Reen e bëssen zréckhält.

D’Quantitéiten

Wann et esou oft reent, freet ee sech natierlech, wat dann esou u Quantitéiten ze erwaarde sinn. Huele mir d’Berechnung vum amerikanesche Wiedermodell GFS, da wieren am ganze Land tëscht 30 a 40 l/m² méiglech. Besonnesch a Richtung äusserste Weste kéint et och a Richtung 50 l/m² goen. Den europäesche Modell gesäit dat Ganzt änlech mat tëscht 26 a 40 l/m², déi fale sollen. Och dëse Modell tendéiert dozou, dass a Richtung äusserste Westen eppes méi net ausgeschloss ass. D’Modeller ICON an ARPEGE hunn déi selwecht Iddien.


D’Quantitéite vum amerikanesche GFS bis de Freiden inclus | Grafik: wxcharts.com

Weidergekuckt op de Sonnden wieren vun elo bis dann esouguer méi wéi 50 l/m² méiglech.

Op de Stroossen heescht et an de nächsten Deeg also oppassen, Aquaplaning ass ze erwaarden.