Bis den 1. Januar 2022: Huet de Wanter nach eng Chance?

Wéi erwaart, huet dat mam Schnéi fir d’Chrëschtdeeg net geklappt. Wéi gesäit et fir déi lescht Deeg vun dësem Joer aus?

Wéi et a Saache wanterlecht Wieder bis den 1. Januar 2022 ausgesäit, hunn ech de Moien um Radio 100,7 thematiséiert.

Wéi ech eist Wieder kenne, sollt ee sech a Saache Schnéi weiderhi net all ze vill erhoffen?

Dat ass korrekt. Wann een déi momentan Grousswiederlag esou kuckt, leie mir gréisstendeels ënnert enger westlecher Stréimung. Bei enger westlecher Stréimung ginn oft mëll a fiicht Loftmassen an eis Géigende gelenkt, déi et ebe net zouloossen, dass sech wanterlecht Wieder bei eis heiheem breetmaache kann. Am Géigendeel: wéi et de Moment nämlech ausgesäit, erwaarden eis an de leschten Deeg vun dësem Joer vill ze héich Temperaturen. Haut um Dënschde sinn 8 bis 12 Grad ze erwaarden, muer um Mëttwoch sinn et 11 bis 14 Grad – laanscht Musel sinn och mol bis zu 15 Grad net ausgeschloss. Dat beandrockendst dobäi ass, dass esouguer an der Nuecht op den Donneschden net vill drun ännere soll. Et gëtt also vill ze waarm fir d’Joreszäit. De Freide soll et mat 10 bis 12 Grad virugoen, ier et de Weekend selwer lues a lues soll zréckgoe mat den Temperaturen. Mir bleiwen awer trotzdeem an engem Beräich, dee wanterlecht Wieder op alle Fall net zouléisst.

Den déiwe Loftdrock hält bis den Donneschden un. Bis dohin ass et oft gro an et kënnt dotëscht ëmmer erëm zu Nidderschléi. Phasewéis sinn och lokal e puer méi kräfteg Schauere méiglech, mee wéi gesot, dat ass just punktuell mol de Fall. An duerch déi héich Temperature fält dobäi natierlech Reen. Iwwert de Freiden an de Samsde leie mir erëm ënner liichtem Héichdrockafloss, wouduerch d’Chancen op sonneg Momenter erëm bësse besser ginn, ier dann a Richtung Sonnden erëm de Westdrift zréckkomme kéint. Heescht also, dass et fir de Rescht vum Joer net besonnesch gutt a Saache Wanter ausgesäit.

Also kee Wanter méi, méi oft gro an ze héich Temperaturen. Wéi ass et mam Wand?

Westwiederlage muss een am Wanter gutt am Aen halen, zumools a Saache Wand. Haut um Dënschde passéiert eis en klengt Déif, wat mat sengem Kär vun de britteschen Inselen hier iwwer d’Nordséi an de Norde vun Däitschland eranzitt. Mir geroden an de südlechen Aflossberäich dovun, wouduerch et haut e gutt Stéck méi lefteg wäert ginn. Besonnesch vum Nomëtten un bis an den Owend era kann ee sech Wandspëtzte vun tëscht 60 a 75 km/h erwaarden, op de Koppe sinn och mol Vitesse bis ëm 80 km/h net ausgeschloss – et gëtt also plazeweis e bësse méi stiermesch. An den Deeg drop ass de Wand weiderhi spierbar, mee e weidere méi stiermeschen Zenario ass op konkreter Basis nach keent ze gesinn.