Bis den Owend: Wiederwarnung Stuf GIEL viru stiermeschem Wand aktiv

Den Dënschde verleeft net nëmme naass an iwwerduerchschnëttlech waarm, mee e gëtt och nach e gudden Tick méi lefteg.

E klengt Déif

Et ass e klengt Déifdrockgebitt, wat am Laf vum Dag vun de britteschen Inselen hier iwwer d’Nordséi an de Norde vun Däitschland eranzitt. Dëst Déif dréit u senger Südsäit e Wand- resp. Stuermfeld mat sech, an dat mir an de nächste Stonne geroden. Et sief awer gesot, dass et sech heibäi ëm en éischter schwaacht Déif handelt, soudass keng wierklech zolitt Wandstéiss ze erwaarde sinn.


De Parcours vum Wand- resp. Stuermfeld iwwert den Dënschde gekuckt | Animatioun: wxcharts.com

Konkret fir Lëtzebuerg bedeit dëst, dass am weidere Verlaf vum Dag Wandvitesse vun tëscht 50 a 75 km/h ze erwaarde sinn, an de Spëtzte si besonnesch op exponéierte Plazen an op Koppe bis ëm 80 km/h net ausgeschloss. Schonn den Owend hëlt de Wand erëm of.