
Hoffnung op e nohaltege Comeback vum Wanter soll ee net hunn, mee wéinstens kënne sech d’Wanterfrënn deemnächst op e puer eenzel Schnéischauere freeën.
Advertisement
Kill a fiicht Nordséiloft
Hannert dem Déif, wat aktuell amgaangen ass, iwwert eis ewechzezéie, ginn d’Loftmassen am Allgemengen e bësse méi kill. E méi däitleche Stouss u méi kale Loftmassen erliewe mir awer doduerch, dass sech am Laf vum Donneschden en Déifdrockgebitt vu Nordwestdäitschland a Richtung Oste verlagert, iwwerdeems en Héichdrockgebitt knapp südlech vun de britteschen Insele läit.

Well Déifdrockgebitter géint d’Auer an Héichdrockgebitter mat der Auer dréinen, kënnt doduerch eng Konstellatioun zustanen, duerch déi engersäits wanterlech an anerersäits och fiicht Loftmasse vun der Nordséi an eis Géigenden transportéiert ginn. Et ass also ze erwaarden, dass et op d’mannst phaseweis e bësse méi wanterlech gëtt, ouni awer, dass ee vun engem richtege Comeback ka schwätzen.
De Verlaf
Dat relevant Déif schéckt eis muer den Owend (Mëttwochowend) seng Kalfront op Lëtzebuerg, duerch déi et bis an déi zweet Nuetshallschent era naass gëtt. Well d’Temperature plazeweis, zumools op de Koppen, op bis zu 0 Grad zréckginn, kann et och zu Schnéireen esouwéi eenzelne Schnéischauere kommen. En Donneschdemëtte läit d’Déif mam Kär iwwer Nordwestdäitschland a bréngt eis op senger Récksäit weider Schaueren op Lëtzebuerg. Et ass zwar zu dësem Zäitpunkt liicht méi mëll, mee je no Intensitéit vun dëse Schauere kann et duerch d’Nidderschlagsofkillung trotzdeem zu Flacke kommen, déi erëm primär op de Koppe kënne falen. Och op anere Plaze ka sech Schnéireen weisen.
Bis e Freidemëtten ass dat nach méiglech, ier lues awer sécher Héichdrockafloss iwwer eist Wieder bestëmmt.