Bis e Freiden inclus: Plazeweis >50 l/m² Reen méiglech, stiermesche Wand inklusiv

Eng naass Zäit geet un. Vun elo un bis e Freide mat ass mat gréissere Reenzommen ze rechnen. Nieft Aquaplaning kënnen a kombinatioun mam Wand beispillsweis och Beem an d’Stroosse falen.

Advertisement

Jetstream leet sech genee iwwert eis

Den Jetstream, e Staarkwandband an enger Héicht vun 8 bis 12 Kilometer, leet sech an de nächsten Deeg zimmlech genee iwwert eis Käpp. Héich an Déifdrockgebitter orientéiere sech dësem Jetstream no – dohier gëtt och gär gesot, dass en de Motor vun eisem Wiedergeschéien ass. Am elo relevante Fall notzen d’Déifdrockgebitter den Jetstream quasi als Strooss, fir op séierem Wee vu Westeuropa a Richtung Ostséi ze zéien. Déifdrockgebitter, déi an där Form vum Jetstream ënnerstëtzt ginn, kënne sech a kuerzer Zäit zu richtege Stuermdéifer virunentwéckelen. Am meeschte wäert een dat zwar iwwert dem Mier spieren, mee awer och an eiser Groussregioun ass domat ze rechnen, dass de Wand gutt spierbar bis stiermesch gëtt.


Den Jetstream zitt sech deemnächst vu Südwesteuropa iwwer Lëtzebuerg bis iwwert d’Ostséi | Grafik: wxcharts.com

Wéi am Wochenausbléck vu gëschter betount, spillt och de Reen eng Roll. Well mir widderholl vu Reegebitter entweder getraff oder gesträift ginn, kann et bis e Freiden inclus zu nennenswäerten a méiglecherweis esouguer bal warnrelevante Reenzomme kommen.

Punktuell iwwer 50 l/m² méiglech

Kucke mir eis déi aktuell Modellkaarten un, da sinn déi sech zimmlech driwwer eens, dass bis de Freiden inclus, deels och bis an de fréie Samschdemoien eran, markant Zomme kënnen zesummekommen.


D’Wiedermodeller gesinn déi akkumuléiert Reenzommen, déi bis de fréie Samschdemoie kënnen erofkommen, zimmlech eenheetlech | Grafik: wxcharts.com

Den Duerchschnëtt läit de Moment bei tëscht 35 a 60 l/m² Reen, just e puer vereenzelt Modeller wëlle laanscht d’Grenz zur Belsch Zomme vun ëm 70 oder 80 l/m² net gänzlech ausschléissen. Wéi vill Reen schlussendlech wierklech erofkënnt, hänkt ganz vun der tatsächlecher Verdeelung vun de Reegebitter of.

De Wand spillt och eng Roll

En Donneschden ass dagsiwwer mat Vitesse vu bis ëm 60 km/h an de Spëtzten ze rechnen, haaptsächlech an der Nuecht op e Freiden. A Richtung fréie Freidemoie ginn d’Meenunge vun de Modeller méi wäit auserneen: Entweder et geet mat de selwechte Vitesse virun, oder et kënne kuerzzäiteg tëscht 80 a 90 km/h dobäi sinn. Um Freide selwer bleift de Wand bis an de spéidere Nomëtten eran en Thema an ass ëmmer nach stiermesch ënnerwee, eng definitiv Berouegung erwaart eis an der Nuecht op e Samschden.

Destabiliséiert Beem & Aquaplaning

Duerch d’Donnerwieder an de Reen aus de leschte Wochen a Méint, déi jo ëmmer erëm en onwiederaartege Charakter gewisen haten, goufe vill Beem beschiedegt a geschwächt. Duerch de Reen, deen elo erëm usteet, kann de Buedem opweechen, wat eng weider Belaaschtung bedeit. Et ass also net ausgeschloss, dass duerch d’Kombinatioun aus Reen a Wand e puer Beem kënnen an d’Stroosse falen.

Natierlech sief dann och verstäerkt op Aquaplaning opzepassen oder och nach en Tick méi Waasser an de Stroossen.