Mir geroden ënnert den Afloss vun engem weidere Stuermdéif. Virun allem an der Ëmgéigend vu kräftege Schauere kënne bis an de Virmëtten eran Stuermstéiss optrieden.
D’Grousswiederlag
Dat nächst Stuermdéif zitt iwwert déi brittesch Inselen ewech, de Frontesystem dovun wäert och erëm Lëtzebuerg beaflossen.
Op déi grouss Fläch gekuckt gëtt de Wand manner staark wéi e Méinden – et kënnt méi drop un, wat ënnert de kräftegste Schauere geschitt. Ënnert dëse besteet e liicht erhéichte Risk vun däitlech méi héije Wandvitessen, en eenzelt Donnerwieder ass och net ausgeschloss.
De Verlaf zu Lëtzebuerg
Am Laf vun der Nuecht gëtt et no a no méi lëfteg, an der fréier zweeter Hallschent kënne schonn Spëtzte vu ronderëm 40 bis 60 km/h dobäi sinn. Géint 6/7 Auer si stiermesch Wandstéiss bis Stuermstéiss vun tëscht 60 a 75 km/h ze erwaarden, déi sech dann bis an de fréie Mëtten eran zéien. Eenzelnen héichopgeléiste Modeller no besteet virun allem ënnert méi kräftege Schaueren de Risk vu méi héije Vitessen – bis ëm 80 km/h wieren dann net ausgeschloss. Eenzel Modeller ginn op bis zu 100 km/h erop, mee dat wier den absolute Worst Case. Am Nomëtte bleift et lëfteg, mee et ass net méi stiermesch.
Duerch dës Vitessen kënnen erëm e puer Beem ëmfalen – zumools déi, déi duerch de Wand vun e Méinden mee awer och de naasse Buedem esouwéi d’Äis aus de leschten Deeg destabiliséiert goufen. Et heescht also, wéi ëmmer, en Tick besser opzepassen op eise Stroossen.
An der zweeter Wochenhallschent ginn déi lëfteg Momenter méi rar.