Bis ëm 35 l/m²: Lëtzebuerg krut an de vergaangene Stonne nennenswäerte Reen

D’Natur huet laang drop gewaart, an de leschte Stonne war et dunn esouwäit: Endlech erëm méi groussflächeg nennenswäerte Reen mat punktuell bis ëm 35 l/m² an der Zomm.

Advertisement

E Randdéif huet de Reen bruecht

E Randdéif ass fir de Reen verantwortlech, deen an de leschte Stonne bei eis erofkomm ass. Och de Moment (25.07.2023 – 12:15 Auer) ass nach Reen vun dësem Randdéif bei eis ënnerwee, tendenziell awer méi an der Südhallschent.

No e puer virleefege Schaueren huet eis d’Haaptreegebitt géint 04:40 Auer de Moien erreecht. Iwwerall huet et gereent, an der Südhallschent awer am meeschten. An engem Beräich, deen sech vu Réiser bis op Contern zitt, huet et de Radarmiessunge no punktuell 35 l/m² gereent. Op de ganze Rescht vun der Südhallschent gekuckt sinn tëscht 15 a 25 l/m² erofkomm.

D’Land ass awer ganz kloer zweegedeelt: Am äusserste Norden a Nordweste vum Land huet et nëmmen tëscht 2 a knapp 10 l/m² gereent – eng onfair Opdeelung also.

D’Reenzommen waren den Haaptgrond fir d’Virwarnung vu gëschter Owend. Op stëndlecher Basis ass d’Warnschwell vu mindestens 15 l/m² Reen an enger Stonn iwwerschratt ginn, d’ASTA-Statioun zu Réiser huet tëscht 5 a 6 Auer nämlech 16,9 l/m² gemooss. Gegrommelt huet et dann och heiansdo, et ware schwaach Donnerwieder an de Reen mat agelagert. Hei d’Virwarnung vu gëschter Owend:


D’Virwarnung virun Donnerwieder, ugedriwwen duerch de Risk vum Erreeche vun der Reen-Warnschwell – erausginn de 24. Juli 2023 um 20:04