Bis ëm 44 Grad: Hëtzt huet Spuenien am Grëff

Spuenien erlieft de Moment eng Hëtztwell. Haut um Dënschde kënne lokal bis zu 43 Grad areecht ginn.

Héichsummer a Spuenien

Iwwert dem Nordweste vu Spuenie pëscht en Déifdrockgebitt, iwwerdeems d’Azorenhéich gutt ausgepräägt ass an iwwert dem Mëttelmierraum e weidert Héich läit. Dat klengt Déif iwwer Spuenien ass méi oder manner agekesselt a kënnt net vu Plaz a schëppt waarm Loft aus Afrika an d’Géigend.

Anescht wéi bei eis a Mëtteleuropa huet Spuenien et scho wochelaang mat héichsummerlechen Temperaturen ze dinn. Zanter dem 19. Juni 2020 ginn am zentralen a südleche Spuenie Maximalwäerter vun däitlech iwwer 30 Grad gemooss – mat engem éischte Peak vu bis zu 41,5 Grad zu El Granado am Weste vum Land, net wäit vun der Grenz zu Portugal fort.

Temperaturentwécklung a Spuenien (ICON-EU – wxcharts.com)

Wäerter vu bal 44 Grad

No dësem Héchstwäert sinn d’Temperature net méi grad esou héich geklomme, mee ware mat Wäerter vun ronderëm 35 Grad ëmmer nach an engem héichsummerleche Beräich – wäit wech vun deem, wat mir zu Lëtzebuerg hunn. Gëschter um Méinde, 6. Juli 2020, ass rem un der Statioun vun El Granado e Maximalwäert vu 43,6 Grad gemooss ginn. Och d’Statioune vum Fluchhafe vu Cordoba a vun Ecija hu jeeweils 42,7 Grad registréiert.

Haut um Dënschde sollen an der Ëmgéigend vu Sevilla an och rem net wäit vun der portugiesescher Grenz fort Wäerter vun tëscht 39 a 43 Grad areecht ginn, eventuell kéint et och punktuell fir 44 Grad duergoen. Duerno ass keng richteg Ofkillung ze gesinn, bis an déi zweet Hallschent vum Juli era soll et héichsummerlech bleiwen a méiglecherweis souguer doriwwer eraus.

Déi héchst jeemools gemoossen Temperatur a Spuenie louch bei 47,3 Grad a gouf den 13. Juli 2017 un der Wiederstatioun zu Montoro registréiert.