Duerch dat markant Héichdrockgebitt, mat dem mir et de Moment ze dinn hunn, gëtt och Saharastëbs an eis Géigenden transportéiert. Mee a wéi enger Form weist sech dat?
Advertisement
Näischt aussergewéinleches
Et kënnt ëmmer erëm vir, dass Saharastëbs an eis Géigenden transportéiert gëtt. Wat dofir benéidegt gëtt ass eng Grousswiederlag, déi et zouléisst, dass Loftmassen aus Afrika an eis Géigende gelenkt ginn. De Moment ass dat de Fall: E markant Héichdrockgebitt bestëmmt de Moment iwwert eist Wieder. De Kär dovun läit iwwert dem Alperaum esouwéi och iwwert dem Mëttelmier. Zur selwechter Zäit dominéiert iwwert dem Atlantik den Déifdrockafloss, deen d’Zoufuer vun de Loftmassen aus dem déiwe Süden zousätzlech ënnerstëtzt.
De Saharastëbs fënnt säi Wee iwwert méi héich Loftschichten op Lëtzebuerg. Den dréiwen Himmel, deen mir hunn, kënnt net nëmmen duerch d’Wolleken, mee eben och duerch de Saharastëbs deen an der Loft läit. Wann d’Sonn op- oder ënnergeet, kënnen dës faarflech méi markant ausfalen, dat an engem méi intensiven Rout. Sollt et dobäi dann och e bësse reenen, da ka sech de Saharastëbs zesumme mat den Drëppsen um Buedem ofsetzen – an dat iwwerall, wouduerch gäre mol déi eng oder aner Scheif zimmlech dreckeg ka ginn. Chancen op e bësse Reen bestinn engersäits en Donneschden, anerersäits awer och an der Nuecht op de Samsden esouwéi um Samsde selwer.