Zanter dem 17. Juli gesäit een se schonn méi oft: D’Stäreschnäizen, déi de Perseiden ugehéieren. An der Nuecht vum Méinden op en Dënschden ass mam Maximum ze rechnen, wat bei guddem Wieder richteg spektakulär ka sinn.
Advertisement
Maximum am August
Vu ronderëmt Mëtt Juli bis an den August eran gesäit een all Joer déi meescht Stäreschnäizen, déi de Perseiden ugehéieren. De Maximum ass ëmmer am August ze erwaarden, dës Kéier viraussiichtlech an der Nuecht vum Méinden op en Dënschden, also schonn ganz geschwënn.
De Meteorstroum huet de Numm Perseiden, well se aus dem Stärebild Perseus ze fale schéngen. An de Nuechten, dorënner och déi op den 13. August, wärt dëst Stärebild ëmmer méi héich an den Himmel zéien, wouduerch een de Stroum ëmmer besser beobachte kann.
Firwat si Meteorstréim mol méi a mol manner gesinn?
All Joer am Juli/August duerchflitt d’Ärd d’Stëbswollek oder de Schweif, deen de Koméit 109P/Swift-Tuttle hannert sech zitt. Stëbskären an aner Partikelen treffe mat enger Vitesse vun 215.000 Kilometer an der Stonn op d’Ärdatmosphär an där se uschléissend vergléien. Hei um Buedem gëtt dëse Prozess als Stäreschnäiz siichtbar. Heiansdo kënnen d’Schnäizen och mol méi grouss ginn, daat sinn dann sougenannt Boliden. Dës grouss Feierbäll kënnen ënner Ëmstänn méi hell wéi de Mound ginn an zéien oft e schéine Schweif hannert sëch, daat gären och mol iwwert den hallwen Himmel.
Wou a wéini gesäit een se am beschten?
Déi meescht Stäreschnäize gesäit een zwar tendenziell Ufanks der nächster Woch, mee natierlech variiéiert den tatsächleche Maximum ëmmer. Et lount sech also och elo schonn, all Nuecht e Bléck an den Himmel ze geheien. Soubal et däischter ass kann een dat maachen, besser Chancen huet een awer kuerz viru Sonnenopgang. An der Nuecht vum Maximum ass mat 100 Stäreschnäizen d’Stonn ze rechnen, am Joer 2021 waren et esouguer 200.
Wa mir schonn bei Richtung sinn: Fir de Meteorstroum ze kucken, sollt een a Richtung Nordoste kucken. Wichteg dobäi ass awer, dass een sech wäit ewech vu Liichtquellen ophält (Liichtverschmotzung). Ideal ass et an engem stackdäischtere Feld, wou een fräi Siicht an den Himmel huet.
Wéi ass et mam Wieder?
An de nächste Nuechten gëtt et nach e bësse méi schwiereg mat engem kloren Himmel, d’Chance klamme vun der Nuecht op e Samsden un – dat duerch den zouhuelenden Héichdrockafloss. Dëse soll mol nach bis de Méindenomëtten unhalen, vun der Nuecht u soll en awer ofhuelen – wat eventuell schlecht kéint sinn fir de Maximum vun de Perseiden. Nach ass dat lescht Wuert awer net geschwat.