Wéi ugekënnegt, ass et an de leschte Stonnen zu strengem Frascht komm. Bal iwwerall ass et fir den zweestellege Minusberäich duergaangen, lokal hu mir esouguer -17°C erreecht.
Dëst waren déi keelst Géigenden
En Donneschdenowend hate mir eis d’Nuecht op haut schonn méi genee ugekuckt. Dem Modellstand vun deemools no wiere Wäerter vu bis zu -15 Grad méiglech gewiescht, woubäi en eenzelne Modell och bal -20 Grad net ausgeschloss hätt. A wa mir eis elo déi tatsächlech gemoosse Wäerter ukucken, da mierke mir, dass dës Aschätzunge quasi perfekt zougetraff hunn.
Hei hu mir d’Top-10 erausgepickt:
- Ueschdrëf (ASTA): -17,0°C
- Schëmpech (ASTA): -16,6°C
- Breedelt (ASTA): -15,2°C
- Aasselbur (ASTA): -14,9°C
- Wëntger (ASTA): -14,5°C
- Reiler (ASTA): -14,3°C
- Dol (ASTA): -14,3°C
- Guedber (ASTA): -14,3°C
- Käerch (ASTA): -13,6°C
- Ell (Kachelmannwetter): -13,3°C
Donnéë-Quell: ASTA, Kachelmannwetter
An der Nuecht op e Sonnde kënne nachemol punktuell -14°C net ausgeschloss ginn.