Bis zu 35 Grad: Hëtztwell ab dëser Woch

Vum Méinden un geet et lass mat der Hëtztwell – an et ass kee richtëgt Enn a Siicht.

850 hPa Temperatur (wxcharts.eu)

Atlantik blockéiert

Vum Süde vun Europa bis wäit an de Norden eran wärt Héichdrock dominéieren. Iwwert dem Nordatlantik dogéint wärte sech e puer kleng Déifdrockgebitter uneneekopplen, déi dann dovir suergen, dass ëmmer rem méi waarem Loftmassen aus dem Süden erop an eis Géigende geschëppt ginn. Bisewell ass keen Enn vun dëser Grousswiederlag ze erkennen.

Iwwert déi nächst Zäit verdeelt wärt sech also eng méi laang unhaalend Hëtztwell astelle, bei där a ganz Mëtteleuropa Temperature vun 30 Grad bis däitlech driwwer ze erwaarde sinn. Dobäi trieden och nëmmen heiansdo Nidderschléi op, déi awer ëmmer a Verbindung mat engem Donnerwiederrisk stinn. Normale Landreen ass net ze erwaarden.

Iwwerbléck

Video vum 23. Juli 2018

Ab dem Méinden fängt d’Hëtztwell un. D’Temperature sinn awer mol nach an engem angenehme Beräich vu 25 bis 30 Grad. Vum Dënschden un gëtt et mat bis zu 32 Grad e Stéck méi waarem – an daat ass och den Trend vir déi Deeg drop: Ët wärt vun Dag zu Dag e Stéck méi waarem ginn, bis mir géint Enn der Woch bei Maximalwerter vun ëm déi 35 Grad ukomm sinn. Lokal begrenzt kann och mol e Grad méi net ausgeschloss ginn. Et muss mat enger héiger Hëtztbelaaschtung gerechent ginn.

Wéi un den Aussiichten ze gesinn, wärten eis awer allkéiers eng Partie Wollécken duerch den Dag begleeden. Dës wärten awer, an Zäit vun de nächsten knapp zwou Wochen, just heiansdo mol e Schlued eroofkomme lossen. Et ass am grousse Ganze mat kengem bis nëmme ganz wéinëgem Nidderschlag ze rechnen. Déi am Moment nach liicht Drëchent geet also weider a wärt sech gläich verschärfen.

Kaum Nidderschléi

Vir am Beräich vun de verlässleche Prognosen ze bleiwen, kucke mir eis d’Reequantitéite bis de Freide mol un. Dem däitsche Wiedermodell ICON no wärten an eise Géigende kaum Nidderschléi eroofkommen. Manner wéi 1 l/m² gi berechent, iwwerdeems de Süde vun Däitschland méi ofkréie sollt. Do kënne punktuell mol bis zu 40 l/m² zesummekommen.

Dem amerikanësche Wiedermodell GFS no wärt et während der genannter Period op méi Plaatze verdeelt zu Nidderschléi kommen. Daat awer, sou wéi méi wäit uewe scho gesoot, nëmmen op lokaler Basis. Flächendeckende Landreen ass net ze erwaarden. Sollten tatsächlech eenzel Hëtztdonnerwiedere bis de Freiden optrieden, da wieren z.B knapp westlech vu Lëtzebuerg Reequantitéite bis 20 l/m² méigleg.

ICON (wxcharts.eu)

Héich Temperature bis mindestens Ufank August

Wéi scho betount, wärt sech dës Hëtztwell iwwert eng méi eng laang Zäit strecken – demno wéi bis de 7. August an eventuell nach méi laang. Zumools waat den Ufank vum August ugeet kéinte nach méi waarem Loftmassen eragefloss kommen.

Um aktuellen Ensemble ass daat gutt ze erkennen: Et gëtt bis de 27. Juli kontinuéierlech méi waarem, wou eis Temperaturen dann am grousse Ganzen tëschent 30 a 35 Grad leien. Ufanks August si weider Ausräisser no uewe méigleg, waat heecht, dass d’Temperaturen och mol op iwwer 35 Grad erausschéisse kéinten. Ausléiser dovir si nach méi waarem Loftmassen (bis zu 21 Grad an annerhalwem Kilometer Héicht), déi et richtëg désagréabel dobausse maache kënnen.

Um ennechten Deel vun der Grafik gesäit een, zur Bestätegung, nachengkéier d’Reenzommen bis de 7. August. Et wärt also kaum eppes vun douewen eroofkomme, soudass d’Drëchent viru geet. De Risk vu Flächen- a Bëschbränn wärt dementspriechend zouhuelen.

GEFS Ensemble (meteociel.fr)

Auto als Doudesfaal

Och wann et eigentlech kloer sollt sinn, hei awer nachengkéier den Hinweis. Et gesäit een nämlech leider nach vill ze oft:

Liewensgeféierlech Faal: Bei de kommenden Temperature kann et an engem Auto an Zäit vu nëmmen 30 Minutten bis zu 50 Grad waarem ginn. Losst also keng Kanner oder Déieren am Auto sëtzen, och wann et just vir “5 Minutten” ass.