
Eng batterkal Nuecht läit hannert eis.
-10 Grad knapp net areecht
An der leschter Nuecht sinn d’Temperaturen uerdentlech an de Keller gaangen. Dobäi gouf den zweestellëge Minusberäich vu -10 Grad nëmme knapp verfeelt.
Top 5
- 1. Breedelt (ASTA): -9,9 Grad
- 2. Schëmpech (ASTA): -9,4 Grad
- 3. Aasselbur (ASTA): -9,3 Grad
- 4. Ueschdrëf (ASTA): -8,9 Grad
- 5. Recken op der Mess (ASTA): -8,6 Grad
An de nächste Nuechte gëtt et net méi grad esou kill, et sinn awer nach deels méi wanterlech Entwécklunge méiglech.