Bis zu minus 10 Grad – wéini gëtt et erëm méi mëll?

Mir hunn zwar meteorologesche Wanter, an awer erliewe mir de Moment ënnerduerchschnëttlech Temperaturen. Besonnesch moies gëtt et immens kal, mee wéi laang bleift dat nach esou?

Knackeg kal Moienter zu Lëtzebuerg

De virun enger Woch ugekënnegte markante Schwall u kale Loftmassen ass an Tëschenzäit spierbar zu Lëtzebuerg ukomm. An fir déi, déi d’Keelt net esou gären hunn, gëtt et eng gutt Noricht: Et gëtt schwënn erëm en Tick méi waarm. Dëst geschitt awer net vun haut op muer, mee et vergeet e bëssen Zäit.

Ier et awer esouwäit ass, hu mir elo an der nächster Nuecht respektiv muer de Moie fréi déi keelst Phas vun dëser momentaner kaler Situatioun. Enger Rëtsch Modeller no besteet d’Warscheinlechkeet vu Minimaltemperature vun tëscht -10 a -6 Grad. Dat sinn Wäerter, déi mir zwar schonn gesinn hunn, mee se leien definitiv ënnert dem Duerchschnëtt fir d’Joreszäit.


Den Temperaturverlaf bis de Samsden inclus | Grafik: Météo Boulaide

Vum Mëttwoch un ass zwar nach markante Frascht an de Nuechten ze erwaarden, mee et geet wuel éischter net méi a Richtung -10 Grad. Stand elo stinn fir de Mëttwochmoien tëscht -5 a -3 Grad um Programm, den Donneschdemoien -6 bis -3 Grad, de Freidemoie -4 bis -2 Grad an de Samsden -6 bis -3 Grad. Eng allgemeng Erwiermung, Dag a Nuecht, kann eis dann am weidere Verlaf och nach an d’Haus stoen. Dozou verweisen ech gären op dësen Artikel.