Bléck an d’Tropen: De weidere Parcours vum NADINE & OSCAR

An de soziale Medien huet een a leschter Zäit vill Falschinformatiounen iwwert en angeblechen drëtten Hurrikan fonnt, deen elo op Florida soll treffen. Kucke mir eis un, wat déi zwee aktuell aktiv Tropestierm wierklech wëlles hunn.

Advertisement

Et ass kee MILTON-Nofolger ze erwaarden

An de soziale Medien, haaptsächlech awer op TikTok, huet den een oder aneren an de leschte Woche vun den Hurrikanen MILTON an HELENE profitéiert, déi allen zwee op Florida getraff waren. Et géif sech geschwënn e neien Hurrikan forméieren an op ee Neits op de Bundesstaat treffen, esou heescht et. Dass dëst awer net der Wouerécht entsprécht, ass de Weekend ganz däitlech ginn.

De nächste Numm an der Lëscht vun den Tropestierm war d’NADINE. Anescht wéi op TikTok verbreet, handelt et sech beim NADINE net ëmt en zolitten Hurrikan. De Stuerm huet sech e Samschde kuerz virun der Küst vu Belize, nërdlech vun Honduras, zu engem Tropestuerm virunentwéckelt. Um Owend ass en u Land gaangen an huet nieft zolittem Reen och schwéier Stuermstéiss mat sech bruecht, iwwerdeems de Wand an der Moyenne mat 95 km/h ënnerwee war.


D’Iwwerreschter vum Stuerm reaktivéiere sech iwwert dem Ostpazifik a kënnen erëm zu engem Hurrikan vun op d’mannst der zweeter Kategorie ginn | Grafik: tropicaltidbits.com

En huet also net mol Hurrikanstäerkt erreecht. Nach an der Nuecht op e Sonnde war et just nach eng tropesch Depressioun, mëttlerweil gëtt d’NADINE mol net méi als esou eng unerkannt. D’Iwwerreschter vum Stuerm leien elo iwwert dem ëstleche Pazifik a solle sech an de nächsten Deeg an en Hurrikan vun op d’mannst der zweeter Kategorie op der Saffir Simpson-Skala verstäerken.

Den Hurrikan OSCAR ass op Kuba getraff

Kuba, wou et aktuell an an de leschten Deeg och ouni Stuerm zu massive Stroumpanne kënnt/koum, huet et zanter gëschter mam OSCAR ze dinn. Dësen ass an der vergaangener Nuecht als Hurrikan vun der éischter Kategorie am Südoste vum Staat u Land gaangen an huet sech an Tëschenzäit zu engem Tropestuerm ofgeschwächt.


Den aktuelle Satbild-Loop vum OSCAR | Animatioun: tropicaltidbits.com

De Stuerm wäert an de nächste Stonnen eng schaarf Kéier a Richtung Norden aschloen, fir viraussiichtlech muer den Owend op d’Bahamas ze treffen. Déi mannst Modeller sinn der Meenung, dass e sech op e Neits zu engem Hurrikan kéint verstäerken.


De weidere Parcours vum OSCAR | Grafik: hurricanes.gov

Duerno soll den OSCAR e nordëstleche Wee beibehalen, wat heescht, dass e sech also vu Florida ewechbeweegt. Fir de schwéier getraffene Kontinent besteet am Moment also keng Gefor.