Bléck bei d’Noperen: Fréijoerswieder a Frankräich, Spuenien an a Portugal

Well sech d’Wieder haut net vun der schéinster Säit zu Lëtzebuerg weist, hunn ech mir geduecht, mir maachen einfach mol en Ausfluch bei eis Noperen.

Frëndlecht Fréijoerswieder am Südweste vun Europa

Schonn eng gutt Zäit laang ass et am Südweste vun Europa zimmlech fréijoersméisseg, eréischt d’lescht Woch goufen a Spuenien an och a Frankräich nei Rekorder opgestallt. De Moment leie grouss Deeler vu Südfrankäich, mee och vu Portugal a Spuenien, ënner Héichdrockafloss. Dëse suergt dofir, dass sech weiderhi fir d’Joreszäit ze héich Temperature weisen. Vu Rekorder si mir mëttlerweil awer erëm wäit fort.


Aktuellt Webcam-Bild vu Saint-Julien-en-Born am Südweste vu Frankräich | Foto via windy.com

Wa mir bei eis franséisch Nopere kucken, méi genee an d’Südhallschent, da moosse vill Statiounen de Moment mindestens 15°C. Am wäermsten ass et ganz am Südwesten, zu Téthieu (Dép. 40) gi 19°C gemooss. Am spéidere Nomëtte war e Maximum vu 19,8°C dobäi.


Och vun Islantilla a Spuenie weise sech de Moment flott Biller | Foto:skylinewebcams.com

A Spuenien ginn de Moment virun allem laanscht de Westen a Südwesten déi héchst Temperature gemooss. D’Wäerter leie gréisstendeels tëscht 15 an 18°C , zu de méi waarme Géigenden zielen Huelva, Morón de la Frontera, Sevilla El Copero, Sevilla / San Pablo, Ayamonte an El Arenosillo mat knapp 20°C.


E bloen Himmel weist sech och a Portugal, opgeholl zu Nossa Senhora do Pópulo | Foto: meteolitoral.com

A Portugal ginn déi héchst Temperaturen am äusserste Süden an och am Weste gemooss, dat mat 17 bis 19 Grad. Zu Alverca, nërdlech vu Lissabon, ginn de Moment 19°C gemooss. Och Coimbra, zimmlech am zentrale Weste vum Land, genéisst de Moment 19,2°C.

Dës Wäerter si natierlech NET mat deenen aus de leschten Deeg ze vergläichen, sinn dohier och keng Rekorder. Mir hunn einfach just e klengen Ausfluch bei eis Nopere gemaach, wou d’Fréijoer schonn schéngt ukomm ze sinn. Dass d’Sonn och schéin ongestéiert schéngt, mécht et nach besser.