Bléck iwwert den Tellerrand: Wéini gëtt d’Wieder endlech erëm besser?

Reen, Reen, Reen – esou lues huet ee schonn bal keng Loscht méi, iwwerhaapt erauszekucken. An dësem Artikel maache mir eis op d’Sich no besserem Wieder.

Westwiederlag dominéiert zanter Wochen

Wann een op d’Wiederprognosen aus de leschte Wochen zréckkuckt, da fënnt ee bal nëmme (vill) Reen a Wand erëm. Wéi schonn e puer mol thematiséiert, ass dat op eis momentan Grousswiederlag zréckzeféieren – eng Westwiederlag. Dobäi rauscht vu Westen hier een Déifdrockgebitt nom aneren duerch, esoudass méi laang frëndlech Ofschnëtter éischter eng Raritéit sinn. Och wann et de Moment méi wéi eng Mission Impossible kléngt, maache mir eis an dësem Artikel op d’Sich no awer méi flotten Ofschnëtter – well éiweg kann et esou jo net virugoen.

Vu Mëtt nächster Woch u klammen d’Chancen

An et muss een guer net mol esou wäit siche goen, fir e potenziell méi frëndlech Ofschnëtter ze fannen. Wa mir eis op den amerikanesche Modell befassen, da gesäit deen no engem naasse Méinden an Dënschden erëm en e bësse méi dréchene Mëttwoch op eis duerkommen.


Déi momentan Berechnung fir e Mëttwoch laut GFS | Grafik: wxcharts.com

Et mécht sech erëm kuerzzäiteg geréngfügegen Héichdrockafloss breet, deen awer wuel och erëm mat Niwwel wäert verbonne ginn. Et schéngt also am Sënn vu manner Reen méi frëndlech ze ginn, mee net onbedingt wat d’Sonn ugeet.

Mee dat soll et awer och nach net gewiescht sinn. Mir beweegen eis an de nächsten Zeilen zwar méi an engem spekulative wéi séchere Beräich, mee dat ass alles wat een de Moment ka soen. Den amerikaneschen an den europäesche Modell gesi vum iwwernächste Weekend un (17. November) d’Chance, dass sech zanter laangem mol erëm e gréissert Héichdrockgebitt kann iwwer Europa breetmaachen.


De spekulativen Ausbléck op de Weekend vum 17. November | Grafik: wxcharts.com

Dem amerikanesche Modell no kéint et esouguer bis en Dënschde bestoe bleiwen, iwwerdeems den europäesche Modell schonn e bësse méi fréi e puer Stéierungen op eis gesäit duerkommen. A wa mir an de ganz spekulative Beräich kucke ginn, da soll et dem amerikanesche Modell no a Richtung Dezember op e Neits kënne Lagen mat méi fréquentem Héichdrockafloss ginn – mee dat ännert leider vu Modell-Laf zu Modell-Laf.


Den immens spekulativen Ausbléck op Enn November | Grafik: wxcharts.com

“Gutt Wieder” ass fir jiddereen relativ. Mir mussen et egal wéi huele wéi et kënnt. Wéi seet een esou schéin: “Es gibt kein schlechtes Wetter, nur falsche Kleidung”.