
E Méinde steet eis jo, wéi gesot, e markante Changement un. D’Kalfront gëtt an Tëschenzäit och méi aktiv vun de Modeller berechent, schwéier Stuermstéiss an agelagert Donnerwieder kënne punktuell optrieden.
Advertisement
D’Situatioun
En Déifdrockkomplex, deen sech vu Nordwesten hier an eist Wiedergeschéien amëscht, verdrängt eise momentanen Héichdrockafloss a Richtung Südosteuropa. Richteg etabléiere wäert sech de markante Wiederwiessel duerch eng Kalfront, déi am Laf vum Nomëtten/spéidere Nomëtte vum Méinde wäert iwwer Lëtzebuerg ewechzéien.

Kalfronten hu souwisou ëmmer erëm d’Eegeschaft, kuerzzäiteg méi kräftege Reen oder och Wandstéiss mat dobäi ze hunn – mee un dëser besteet de Risk vun eenzelne Segmenter mat Donnerwieder, inkl. potenzielle Stuermstéiss vun tëscht 80 an 100 km/h. D’Fro ass just, ob Lëtzebuerg esou e Segment erwëscht.
De Verlaf
De Méinde starte mir nach liicht wollekeg bis wollekeg an den Dag eran, déi éischt Schauere kënne net ausgeschloss ginn. Esou wéi d’Berechnungen et elo gesinn, steet eis de Kalfrontduerchgang am Laf vum Nomëtten un – et tendéiert éischter méi a Richtung spéidere Nomëtten. Vun do un bis d’Front duerch ass besteet de Risk vu Stuermstéiss – besonnesch ënnert de kräftegste Segmenter kënne, wéi gesot, fläit mol bis zu 100 km/h optrieden. Dës kënne vu Blëtz an Donner begleet ginn, Haaptmierkmol wäerten awer staarke Reen an eben d’Stuermstéiss sinn. An der Nuecht op den Dënschde kënnen d’Rollueden mol nach e bësse klapperen, mee de markantsten Deel wäert sech op alle Fall bis dohi verzunn hunn.
En Dënschden zitt vu Nordwesten hier e Randdéif an Däitschland eran. Dëst Randdéif bréngt eis weiderhi Schaueren, en eenzelt Dimmer ass net ausgeschloss. Bei de kräftegste Schauere kann och Graupel (kleng Knëppelsteng) mat dobäi sinn, d’selwecht wéi och eng minimal Warscheinlechkeet vun eenzelne Flacken op den héchste Koppen. Eng Schnéicouche oder Comeback vum Wanter gëtt et awer op alle Fall net.