Bléck op de Silvester-Weeekend: Esou wiessele mir an dat neit Joer eran

De leschte Weekend vum Joer steet virun der Dier. Net nëmme kucke mir eis u wéi dëse verleeft, mee och, wéi d’Nuecht op den 1. Januar gëtt.

Advertisement

Advertisement

D’Grousswiederlag

Iwwerdeems haaptsächlech héije Loftdrock iwwert dem südleche Mëttelmierraum läit, zéie nërdlech dovun Déifdrockgebitter duerch – also och bei eis zu Lëtzebuerg. Mir kënnen eis also op e net all ze agréable Joreswiessel astellen.


D’Grousswiederlag de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Moment leien d’Temperaturen tëscht 7 an 11 Grad. Et ass meeschtens bedeckt an et zitt sech liichte Fisemreen duerch den Dag. Muer um Samsde leie mir tëscht zwee Déifdrockgebitter, duerch déi et e bësse manner naass sollt ginn wéi haut – op komplett dréchent Wieder soll ee sech awer och net astellen. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 6 a 9 Grad, an de Spëtzte bléist de Wand mat tëscht 40 a 55 km/h. De Wand ass also spierbar, mee mir sinn awer nach e gutt Stéck vum stiermesche Beräich fort.

E Sonnde leie mir ënnert enger méi turbulenter Wiederlag, wat awer méi schlëmm kléngt wéi et ass. E Stuermdéif läit mat sengem Kär iwwert de britteschen Inselen. Dëst suergt vum Virmëtten un dofir, dass aus Westen ëmmer erëm neie Reen eragezu kënnt – et handelt sech ëmt eng Kalfront. De Sonnden, also den Dag vu Silvester, gëtt also wuel de naassten Dag vum Weekend. D’Temperature klammen op e Maximum vun tëscht 6 an 8 Grad. Wärend dem Passage vun der Front triede Wandstéiss vun tëscht 50 a 75 km/h op. Am Fall vun enger méi kräfteger Schauerlinn sinn och 80 km/h net ganz onméiglech.

Och um Owend kënnt et nach zu Schaueren, iwwerdeems et an der zweeter Hallschent vun der Silvesternuecht no a no sollt manner naass ginn. D’Temperature pendle sech tëscht 3 a 6 Grad an, an de Spëtzten erreecht de Wand nach bis ëm 60 km/h.