Bléck op de Weekend: 30 Grad an driwwer, vum Sonndenowend u schmeier

De Weekend klammen eis Temperaturen erëm op iwwer 30 Grad, iwwerdeems eis vum Sonndenowend un däitlech méi schmeier Loftmassen erreechen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

En Déifdrockgebitt, wat mat sengem Kär knapp südlech vun de britteschen Insele läit, schëppt de Weekend däitlech méi waarm mee virun allem vum spéidere Sonnden och zimmlech schmeier Loftmassen op Lëtzbuerg. Et sollt zwar nach gréisstendeels dréche bleiwen, mee et ginn trotzdeem eenzel Berechnungen déi schonn fir de spéidere Sonnden en Donnerwieder net ganz wëllen ausschléissen.


De viraussiichtleche Verlaf vun der Grousswiederlag de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Fir muer e Freide gëtt e Mix aus vill Sonn a just e puer eenzelne Wolleke virausgesot, d’Temperature klammen am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 24 an 28 Grad. An der Nuecht op de Samsde ginn d’Temperaturen op tëscht 10 a 14 Grad zréck, op eenzelne Plaze wéi matten an de Stied sinn awer och méi héich Wäerter vun tëscht 16 an 18 Grad net ausgeschloss.

E Samsde gëtt et mat 26 bis 31 Grad erëm e gudden Tick méi waarm, Sonn a Wolleke wiessle sech dobäi of. Nach ass et net all ze schmeier, mir hunn et einfach just mat héichsummerlechen Temperaturen ze dinn. An der Nuecht op de Sonnde killt et net besonnesch wäit of, gréisstendeels sinn tëscht 15 an 18 Grad ze erwaarden.

E Sonnden fënnt dann lues a lues den eigentlechen Ëmschwong un. Eis Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 27 an 32 Grad, Sonn a Wolleke wiessle sech of. Et trieden ëmmer méi Cumuluswolleken op, déi am Laf vum Owend duerch däitlech méi fiicht Loftmassen och mol punktuell begrenzt zu engem lokale Wieder kënnen uwuessen. Dëst geschitt net flächendeckend, mee kann laut aktuelle Modellrechnunge ganz lokal begrenzt awer net ausgeschloss ginn.

Generell heescht et, dass et vum Sonndenowend un ëmmer méi schmeier gëtt. An der neier Woch kréie mir et dann duerch déi fiichtwaarm Loft mat net méi all ze agréablen Temperaturen ze dinn, och de Wiederrisk geet an d’Luucht. En ausféierleche Bléck drop fannt Dir hei.