Bléck op de Weekend: A klenge Schrëtt erëm a Richtung Héichdrockafloss

De 5. Mäerz hate mir op e méigleche spéitwanterleche Mix opmierksam gemaach, deen sech haut och tatsächlech gewisen huet – an dat, nodeems mir e Sonnde nach Temperature vun iwwer 20°C haten.

Advertisement

De Verlaf vun der Grousswiederlag

Haut um Donneschden huet eis en Déifdrockgebitt, wat vu Frankräich hier an de Südweste vun Däitschland eragezunn ass, erëm Reen op Lëtzebuerg bruecht. Doduerch, dass mir souwisou schonn ënnert dem Afloss vu kille Loftmasse stinn, huet dëst klengt Déif duerch seng Rotatioun géint d’Auer dofir gesuergt, dass dës Loftmass nach méi liicht an eis Géigende kënnt. A well dat klengt Déif och Nidderschléi generéiert huet, koum dunn alles dofir zesummen, dass et plazeweis nach eng Kéier fir Flacken an och Schnéireen duergaangen ass. Vun enger Couche si mir allerdéngs wäit ewech – et ass méi am Saarland an och am Nordoste vu Frankräich, wou de Schnéi och mol fir en Afloss op de Verkéier konnt suergen.


De viraussiichtleche Verlaf bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Vu muer un daucht westlech vun de britteschen Inselen en Héichdrockgebitt op, wat sech am Laf vun de nächsten Deeg an eis Géigende verlagert. Fir genee ze sinn ass domat ze rechnen, dass et sech bis d’nächst Woch e Mëttwoch an de Südoste vum Kontinent beweegt a mir heiheem doduerch eng méi laang Zäit ënnert dem Afloss dovu stinn. Dozou awer deemnächst méi. Fir de Weekend heescht dat awer, dass et just nach zäitweis e bësse naass gëtt, iwwerdeems de Niwwel och eng Roll ka spillen.

Den Détail

Muer um Freiden hu mir et mat Wolleken a Niwwelfelder ze dinn, mat Chance kënnt d’Sonn och mol duerch. Wat d’Nidderschléi betrëfft, ka just nach punktuell eppes schwaaches dobäi sinn. D’Temperature leien um fréie Moie nach am liichte Fraschtberäich vun tëscht -3 a 0 Grad a klammen am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 3 a 7 Grad. Fir e Samschde gesäit et mat de Chancen op sonneg Ofschnëtter nach en Tick manner gutt aus, en Déif iwwert den Alpen beaflosst eis mat senge Wolleken. Wann d’Sonn iergendwou e puer mol luusse kënnt, dann tendenziell am Nordweste vun eisem Land. D’Temperature packen et op e Maximum vu 5 bis 8 Grad, um fréie Moie war et erëm liicht fraschteg. E Sonnde geet et mat Héchstwäerter vun tëscht 7 an 10 Grad virun, et gëtt also erëm méi mëll. Momentan ass et gutt méiglech, dass sech de Niwwel séier genuch opléist, fir dass mir e frëndleche Sonnden mat méi Sonn erliewen.

Mir mierken also, dass relevant Nidderschléi just nach rar en Thema wäerte sinn. De Wand gëtt och deels méi spierbar, zumools e Samschden an och e Sonnden. Et kënne Spëtzte vun tëscht 45 a 55 km/h erreecht ginn, deels och mol 60 kmh.