Bléck op de Weekend: Abrëllswieder duerch Sonn-, Schnéi-, Reen- a Graupelmix

Wa mir eis d’Wieder fir de Weekend esou ukucken, da géif e bal mengen, den Abrëll wier e puer Deeg ze fréi bei eis. Lokal kann et esouguer liicht wäiss ginn.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Den Héichdrockafloss hëlt an de nächste Stonne weider of. Am Laf vum Freide gerode mir ëmmer méi ënnert den Afloss vun engem Déifdrockkomplex, deen iwwert dem Nordweste vum Kontinent seng Kreeser dréint. Doduerch gi fiicht a kal Loftmassen an eis Géigende bruecht, déi de Weekend nach eng Kéier fir e faarwege Mix aus bal allem op Lëtzebuerg bréngt – den Abrëll kënnt wuel eng Woch ze fréi.


D’Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Freide kréie mir et mol nach mat sonnege Momenter ze dinn, et zéien e puer Wolleken duerch. Am Nomëtten/spéidere Nomëtte sollen esouguer nach manner Wolleken duerchzéien, mee dat täuscht: fir d’Nuecht op e Samsden zitt eng Kalfront duerch, duerch déi et naass gëtt. Ier et esouwäit ass, sinn e Freide nach eng Kéier Maximalwäerter vu bis zu 19 Grad dran, deemno wéi esouguer 20.

De Samsde leie mir hannert der Kalfront, an dës huet d’Dier opgemaach fir variabelt Schauerwieder. Duerch liicht instabil Loftmassen kënnt et doduerch ëmmer erëm zu Schaueren, punktuell sinn och eenzel Donnerwieder net ausgeschloss. Well d’Loftmassen och nach kal sinn, kann et virun allem op de Koppen zu Flacke kommen. Op anere Plazen am Land kann dat och de Fall sinn – besonnesch dann, wann d’Nidderschléi méi kräfteg ausfalen. Am Fall vun engem Donnerwieder kann och Graupel optrieden (ganz kleng Knëppelsteng). Tëscht all dem sinn awer och sonneg Momenter dran, dat bei enger gréisserer Warscheinlechkeet vu Reebéi. D’Temperature packen et, trotz allem, op e Maximum vun tëscht 6 an 8 Grad.

An der zweeter Hallschent vun der Nuecht op e Sonnden ginn d’Nidderschléi e Stéck manner, d’Temperature ginn op tëscht 0 an 3 Grad zréck. Besonnesch op de Koppe kann et dohier zu e puer Stonne mat enger ugezockerter Landschaft kommen. Um Sonnde selwer kommen erëm e puer Schauere vir, änlech wéi e Samsden. Vum Nomëtten u gëtt et awer ëmmer méi dréchen a méi sonneg. D’Temperature packen et op knapp 10 Grad.