
De Weekend hu mir et dann endlech gepackt: D’Temperature fänken un, aus hirem Lach erauszekommen. Doduerch gi net nëmmen d’Nuechte méi waarm, mee och d’Deeg selwer. Lokal kënnt de Prabbeli awer fläit nach an den Asaz…
Advertisement
D’Grousswiederlag
Déiwe Loftdrock, deen sech mat sengem Kär knapp westlech vun eis beweegt, “katapultéiert” de Weekend däitlech méi waarm Loftmassen op Mëtteleuropa. De grousse Wiermt-Virstouss ass dat nach net, mee et geet awer fir eng spierbar Ännerung duer.

Dësen Déifdrockafloss suergt allerdéngs och fir vill Wolleken, dotëscht ass och mol e Schluet méiglech. Kucke mir eis dat mol méi genee un…
De Verlaf
Muer um Freiden zéie vill Wolleken duerch, d’Sonn weist sech awer och mol dotëscht. Vum Virmëtten u besteet erëm d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Nidderschléi – dass et och mol spéiderhin e kuerzt Dimmer aus Frankräich op Lëtzebuerg packt, ass net ausgeschloss mee keng Mussesaach. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 10 a 14 Grad.
E Samsden zéien ëmmer nach vill Wolleken duerch, d’Sonn weist sech heiansdo. Zäitweis kënnen eenzel Schaueren optrieden, en eenzelt Donnerwieder ass net onméiglech. Et hänkt einfach staark domat zesummen, wat sech am Laf vum Dag iwwert dem zentrale Frankräich deet – et ass jo eng méi markant Donnerwiederlag do ënne méiglech. D’Temperature packen et op 11 bis 17 Grad.
E Sonnde schéngt d’Warscheinlechkeet vun eenzelne Nidderschléi e bësse méi kleng ze sinn. Et zéien awer ëmmer nach Wolleken duerch, iwwerdeems sech d’Sonn heiansdo dotëscht weist. Mir si mat 12 bis 16 Grad ënnerwee.
An den Deeg drop gëtt et wuel nach en Tick méi onbestänneg, mee d’Temperature gi weider an d’Luucht. 20 Grad an e bësse méi sinn a Reechwäit.