Bléck op de Weekend: Bësse méi wolléckeg, minimale Schauerrisk

Den 12te Weekend vun dësem Joer steet un a wärt sech nach gréisstendeels vun der méi frëndlecher Säit weise lossen.

Dëse Weekend sti mir ufanks nach haaptsächlech ënner Héichdrockafloss, ier dësen vir de Sonnden awer scho rem ofhuele soll. Bis op e puer wéineg a ganz vereenzelt Schauere sinn awer keng nennenswert Nidderschlagsquantitéiten ze erwaarden.

Freiden, 22. Mäerz 2019

De Freidemoien starte mir mat vill Sonn an den Dag eran, just ganz lokal si Niwwelfelder mégilech. D’Temperature leien tësche -2 a 4 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 8 bis 11 Grad erop, de Niwwel ass iwwerall verschwonn. D’Sonn schéngt iwwer Bierg an Dall an et gëtt ëmmer méi mëll. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 14 bis 18 Grad ze rechne, lokal kéint et souguer knapp driwwer goen. Et ass de wärmsten Dag vun der Woch. De Wand bléist schwaach aus Südosten, an de Spëtzte packt en et op 20 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 6 bis 3 Grad zréck, just an eenzelnen Däller kann et op 0 bis -2 Grad eroofgoen. Den Himmel ass kloer.

Samsden, 23. Mäerz 2019

De Samsdemoien ass den Himmel meechtens kloer, d’Temperature leien tësche 0 a 5 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 8 bis 11 Grad erop, et zéien e puer kleng an harmlos Wollécken duerch. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 11 bis 16 Grad areecht, de Wand bléist liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass mat 30 km/h ze rechnen. Réicht ab dem spéidere Nomëtte komme méi Wollécken an d’Land eragezunn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 8 bis 5 Grad zréck, et ass liicht wolléckeg.

Sonnden, 24. Mäerz 2019

De Sonndemoien ass et wolléckeg, d’Temperature leien tësche 5 an 8 Grad. Am Virmëtte klammen des Werter op 8 bis 11 Grad erop, et ass meechtens bedeckt. Déi eng oder aner Drëpps Reen ka net ausgeschloss ginn. Mëttes an am Nomëtte geet de souwisou scho minimale Schauerrisk nach e klengt Stéck zréck, d’Temperature packen et iwwerdeems op 9 bis 14 Grad. De Wand ass liicht spierbar aus Nord-Nordosten ënnerwee an areecht an de Spëtzten 30 km/h. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 3 bis -3 Grad zréck, lokal kann et glaat ginn. Et klärt op.