Bléck op de Weekend: Bleift eis dat schéint Wieder erhalen?

D’Wieder war bis ewell zimmlech roueg a frëndlech. Komme mir och esou duerch de Weekend?

Grousswiederlag

Groussflächegen Héichdrockafloss huet sech an Tëschenzäit iwwer Europa breetgemaach a soumat och zu Lëtzebuerg. Just heiansdo probéiert mol liichten déiwe Loftdrock dotëschtzefunken, deem awer keng gréisser Opmierksamkeet geschenkt gëtt. Wat ännert: d’Loftmasse gi méi kill, aus Russland kënnt Polarloft op eis duergeschwappt.


D’Grousswiederlag iwwer Europa de Weekend iwwer | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Verlaf

Freiden, 04. Mäerz 2022

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, lokal sinn erëm e puer eenzel Niwwelfelder méiglech. D’Temperature leien tëscht -3 a 0 Grad, lokal drënner. Am Virmëtte klammen dës Wäerter op tëscht 2 a 4 Grad erop, soubal de Niwwel fort ass schéngt d’Sonn erëm iwwer Bierg an Dall. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 8 an 11 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis liicht spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift frëndlech, dréchen a sonneg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -4 a 0 Grad zréck, lokal begrenzt kënne glat Stroosse net ausgeschloss ginn. Den Himmel bleift kloer.

Samsden, 05. Mäerz 2022

De Samsdemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht -4 a 0 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 1 an 3 Grad erop. Soubal de Niwwel fort ass, kritt sech d’Sonn erëm groussflächeg duerchgesat. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 6 an 10 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift frëndlech, et zéien allerhéchstens e puer eenzel an dënn Wollekefelder duerch. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -4 a -1 Grad zréck, den Himmel ass erëm kloer an et kënnen op ee Neits glat Stroosse net gänzlech ausgeschloss ginn.

Sonnden, 06. Mäerz 2022

De Sonndemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, d’Temperature leien tëscht -4 a -2 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 0 an 2 Grad erop. Wann de Niwwel verschwënnt, ass d’Sonn erëm um Zuch. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 4 an 8 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift sonneg a frëndlech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht -3 a 0 Grad zréck, den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg.