Bléck op de Weekend: Chancen op Sonn duerch kuerzzäitegen Héichdrockafloss

De Weekend iwwer stinn d’Chancen, d’Sonn ze gesinn, erëm e gutt Stéck besser wéi elo de Moment.

Grousswiederlag

Haut um Donneschden hëlt den Afloss vun déiwem Loftdrock a klenge Schrëtt of zu Lëtzebuerg. Vu muer dem Freiden un soll héije Loftdrock erëm kuerz d’Dominanz iwwert eist Wieder gewanne, wouduerch et also kuerzzäiteg erëm méi frëndlech an dréche gëtt. Firwat kuerzzäiteg? Ma d’Wiedermodeller rechne schonn um Sonnden erëm mat engem Ëmschwong.

Wann ee nach e bësse méi wäit kuckt, nämlech op déi éischt Januarwoch, da gëtt et zimmlech kniffleg. Déif kämpft géint Héich, mee ni schéngt sech ee gewëssenen Zenario nohalteg duerchsetzen ze kënnen. Et gëtt also spannend. Dozou awer eng aner Kéier méi.


D’Wiederiwwersiicht iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 31. Dezember 2021

De Freidemoien ass et liicht wollekeg bis plazeweis gro duerch Niwwel, d’Temperature leien tëscht 8 an 10 Grad a beweege sech am Virmëtte net grouss vum Fleck. Wa sech de Niwwel opgeléist huet, erwaart eis e frëndleche Virmëtte mat vill Sonn a nëmmen e puer eenzelne Wolleken. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 9 an 11 Grad ze erwaarden, et zéien e puer Wolleken duerch an d’Sonn weist sech. Et bleift dréchen. Um Owend an an der Nuecht pendle sech d’Temperaturen tëscht 7 an 10 Grad an, et gëtt méi gro duerch Wolleken a Niwwelfelder. Bis op lokale Fisemreen bleift et meeschtens dréchen.

Samsden, 01. Januar 2022

Dat neit Joer fänkt viraussiichtlech mat enger Partie Wolleken a Niwwelfelder un, d’Temperature leien dobäi tëscht 7 a 9 Grad a beweege sech am Virmëtte net vill vu Plaz. Et bleift méi oft gro duerch Niwwelfelder a Fisemreen. Mëttes an am Nomëtte pendle sech d’Temperaturen tëscht 6 an 8 Grad an, dobäi bléist e schwaache bis liicht spierbare Wand aus südleche Richtungen. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et kommen e puer méi déck Wolleke mat dobäi, mee tëschenduerch sinn awer nach e puer sonneg Momenter méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 a 9 Grad zréck, et gëtt ëmmer méi gro. Am weidere Verlaf vun der Nuecht kënnen eenzel schwaach Schaueren asetzen.

Sonnden, 02. Januar 2022

De Sonndemoien ass den Himmel gréisstendeels gro an et ass mat schwaache Nidderschléi ze rechnen, d’Temperature leien tëscht 7 a 9 Grad a klammen am Virmëtte net vill méi wäit. Et bleift bedeckt a lokal naass. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 9 an 13 Grad ze erwaarden, et bleift also zimmlech mëll. Et komme méi kompakt Wolleken eragezunn, déi am Laf vum Nomëtte méi groussflächege Reen op Lëtzebuerg brénge kënnen. De Wand bléist spierbar aus West-Südwesten a packt et an de Spëtzten op 45 km/h. Um Owend an an der Nuecht bleift et bedeckt a naass, d’Temperature pendle sech tëscht 7 an 11 Grad an.