Bléck op de Weekend: Dagsiwwer fale mir plazeweis op ënner 20 Grad

Den Dag vun haut ass en Iwwergangsdag. Vu muer u gëtt et däitlech manner waarm, e Sonnde klammen d’Temperaturen op ville Plaze mol net méi op 20 Grad.

Advertisement

D’Grousswiederlag

En Déifdrockgebitt beweegt sech mat sengem Kär a Richtung Nordséiküsten a breet sech gläichzäiteg och iwwert de skandinavesche Raum aus. Doduerch gëtt den Zoufloss vu waarmen a summerleche Loftmassen ënnerbrach an d’Stréimung dréint op Nordwesten, d’Temperature maachen en uerdentleche Krack no ënnen. Nidderschlagstechnesch kënnt guer net esou vill rof, mee garantéiert dréche komme mir warscheinlech och net duerch.


Et ass gutt ze erkennen, wéi déi summerlech Loftmasse verdrängt ginn | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

No engem zimmlech groe Freiden mat e puer eenzelne Schaueren an och mol engem kuerzen Donnerwieder erwaart eis e méi frëndleche Samsden, un dem et gréisstendeels sollt dréche bleiwen. Just den europäesche Modell huet e puer eenzel schwaach Schauersignaler dran, mee déi hu keng gréisser Relevanz. D’Temperature sinn tëscht 17 an 21 Grad ënnerwee a ginn an der Nuecht op e Sonnden op tëscht 9 a 14 Grad zréck.

E Sonnden ass d’Warscheinlechkeet vun e puer Schaueren erëm e bësse méi héich, den europäesche Modell rechent och erëm a Richtung Donnerwieder, eng Onwiederlag steet awer net un. Dotëscht ka sech d’Sonn weise kommen, iwwerdeems d’Temperaturen e Maximum vun tëscht 15 an 18 Grad erreechen – allerhéchstens si nach eng Kéier 19 Grad dran, nom aktuelle Modellstand.