Bléck op de Weekend: Dat nächst Déifdrockgebitt kënnt ugerauscht

Schonn muer kënnt dat nächst Déifdrockgebitt an eis Richtung gezunn. Nieft dem Reen kënnt an dëser Nuecht plazeweis och liichte Frascht an d’Spill.

D’Grousswiederlag

D’Nuecht iwwer weist sech liichten Héichdrockafloss zu Lëtzebuerg, et gëtt also schonn geschwënn méi dréchen. Muer um Samsde bréngt eis eng Waarmfront an déi uschléissend Kalfront de nächste Reen op Lëtzebuerg, och e Sonnde sti mir weiderhin ënner Déifdrockafloss. Zur selwechter Zäit ass iwwer gréisseren Deeler vum Mëttelmierraum mee awer och iwwer Spuenien a Portugal méi stabilen Héichdrockafloss virzefannen.


An der Nuecht op e Samsde kuerzzzäiteg Héichdrockafloss, ier dat nächst Déif eragerauscht kënnt | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Bis ewell sinn haut, wéi virausgesot, eng Partie Schaueren duerchgezunn. D’Aktivitéit wäert a Richtung Owend, ebe wéinst dem liichten Héichdrockafloss, zréckgoen. An der Nuecht selwer sinn och mol Opkläerunge méiglech, soss zéien awer nach e puer Wolleken oder och Niwwelfelder duerch. Et killt op alle Fall e gutt Stéck méi of wéi an de leschte Nuechten, tëscht 0 an 3 Grad sinn ze erwaarden. Duerch Nätzt déi fréiert kann et dementspriechend net ausgeschloss ginn, dass et mol glat gëtt.

Muer um Samsden erreecht eis spéitstens géint d’Mëttesstonn erëm neie Reen aus Westen, dat duerch eng Waarmfront. Um Owend kënnt dann d’Kalfront no, déi och e bësse méi kräftege Reen ka mat sech bréngen. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 5 a 7 Grad.

E Sonnde starte mir zimmlech bedeckt bis dréif mat Niwwelfelder, liicht Nidderschléi si méiglech. D’Temperature si mat 8 bis 10 Grad schonn zimmlech mëll ënnerwee, packen et am Nomëtten op 10 bis 13 Grad. Sonn a Wolleke wiessle sech of, dotëscht ass mol eng Schauer ze erwaarden.