Bléck op de Weekend: Dat war et schonn erëm mam Reen

No endlech mol méi reenerege Stonne geet et an de nächsten Deeg erëm komplett dréche virun.

D’Grousswiederlag

Vum Atlantik hier erstreckt sech héije Loftdrock iwwer Mëtteleuropa a blockéiert esou och gläichzäiteg d’Zoufuer vu fiichte Loftmassen, déi mat déiwem Loftdrock zesummenhänken. De Weekend gëtt also en dréchenen, och d’Temperature klammen esou lues erëm.


De Verlaf vun der Grousswiederlag iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Freiden, 05. August 2022

De Freidemoien ass et staark bedeckt, iwwert dem Land verdeelt kënnt et nach zu Schaueren. D’Temperature leien tëscht 17 an 20 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 18 an 22 Grad erop. Déi lescht Schauere kommen erof, eng kleng Donnerwiederwarscheinlechkeet besteet och mol nach. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 23 a 26 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nord-Nordwesten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et sinn zwar ëmmer nach eng Partie Wolleken ënnerwee, d’Sonn weist sech a Richtung Owend awer tendenziell ëmmer méi oft. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 9 an 13 Grad zréck, den Himmel ass gréisstendeels kloer.

Samsden, 06. August 2022

De Samsdemoien ass den Himmel meeschtens kloer, d’Temperature leien tëscht 10 a 14 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 14 an 18 Grad erop. Den Himmel bleift kloer. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 21 a 26 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis zäitweis spierbar aus Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 35 km/h ënnerwee. Et bleift weiderhi frëndlech bei vill Sonn, reene wäert et net. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 10 a 14 Grad zréck, den Himmel ass weiderhi kloer.

Sonnden, 07. August 2022

De Sonndemoien ass den Himmel kloer, d’Temperature leien tëscht 13 a 15 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 17 an 20 Grad erop. Den Himmel ass kloer bis liicht wollekeg. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 24 an 28 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Nordosten. An de Spëtzte packt en et op 35 km/h. Et bleift gréisstendeels sonneg, dréche souwisou. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 12 a 15 Grad zréck, den Himmel ass kloer.