Bléck op de Weekend: Dauerfrascht mécht sech breet

Zäit, schonn méi genee op de Weekend ze kucken. Huelt schonn mol déi déck Jacketten eraus, de Fréiwanter setzt sech duerch.

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer kréie mir den éischte méi markante Kalloft-Virstouss vun der Saison zougespillt. Verantwortlech dofir ass dat sougenannt Vb-Déif wat vum Mëttelmierraum aus a Richtung Osteuropa op d’Ostséi duerzitt. Duerch d’Stréimungsmuster gin immens kill Loftmassen aus dem héije Norden a Nordosten a Richtung Mëtteleuropa gelenkt, wat natierlech och en Afloss op eis heiheem huet. Et gëtt spierbar méi kal, och am Dag ass mat Frascht ze rechnen.


De Weekend erwaart eis den éischte méi markante Keelt-Virstouss | Kaart: wxcharts.com

De Verlaf

De Freide starte mir wuel nach e bësse méi gro an den Dag eran. Anescht wéi un den aneren Deeg soll et am Laf vum Dag awer eng gewëss Chance ginn, dass sech d’Sonn mol weise kënnt. D’Temperature starte bei -4 bis -1 Grad a packen et am Dag op tëscht -1 an 3 Grad. Um Samsde geet et mat -6 bis -2 Grad lass – Dir mierkt… déi kill Loftmasse maache sech definitiv bemierkbar. Am Laf vum Dag ass mat engem Maximum vun tëscht -2 an 2 Grad ze rechnen. Änlech wéi um Freide ka sech d’Sonn weise kommen, esoubal sech de Niwwel opgeléist huet. Nidderschléi sinn also weiderhi keen Thema. De Sonndemoie leien d’Déifsttemperature bei tëscht -5 a -2 Grad, am Nomëtte klammen se op -3 bis 1 Grad erop. Am Nomëtte sinn jee no Modell och mol liicht Schnéischauere méiglech. Egal wéi et kënnt, si keng gréisser Quantitéiten ze erwaarden.

D’Keelt huele mir bis op mannst emol de Mëttwoch vun der neier Woch mat. Nidderschléi sinn dobäi éischter rar, well sech dotëscht och erëm héije Loftdrock iwwert eise Käpp duerchsetze kann. Wat a Richtung nächste Weekend geschitt, bleift awer weiderhin immens interessant.