Bléck op de Weekend: Dauerreen um Freiden, Samsden a Sonnden a klenge Schrëtt besser

Wann een muer de Moien aus dem Haus geet kéint een fäerten, de Weekend géif komplett an d’Waasser falen. Och wann eis de Reen zwar net ganz verléisst, gëtt et a klenge Schrëtt e Stéck besser. D’Sonn kënnt heiansdo luussen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Bis an de fréie Samsdemoien eran huet eis déiwe Loftdrock fest am Grëff. Den Zentrum dovun läit iwwert de britteschen Inselen, iwwerdeems mir awer ëmmer erëm d’Fronten dovun ofkréien. Eréischt an der Nuecht op de Sonnden etabléiert sech aus den Alpen eraus en Héichdrockgebitt, wat eis e bësse méi frëndlecht Wieder bréngt. De Gros vun der Déifdrockaktivitéit gëtt esou, wann och nëmme fir kuerz, dobaussen um Atlantik resp. iwwer Skandinavien gehalen.


Wéi sech d’Grousswiederlag iwwert de Weekend entwéckelt | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Freide gëtt schonn mol direkt den ongemittlechsten vun allen dräi. Mir starte mat Dauerreen an den Dag eran, deen sech bis an de Nomëtten era kann halen. Duerno gëtt et fir eng kuerz Zäit manner naass, mat bësse Gléck ass och e kuerze sonnege Moment dran, mee dat bleift net esou. An der Nuecht kënnt neie Reen aus der Belsch an och Frankräich eragezunn, deen eis bis an de Samsdemoien era begleet. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 13 a 16 Grad a falen an der Nuecht op de Samsden op 9 bis 12 Grad.

E Samsde geet et mat e puer Schaueren an den Dag eran. D’Warscheinlechkeet besteet mol nach bis an d’Mëttesstonn eran, duerno bleift et bei engem Sonn-Wollekemix gréisstendeels dréchen. Et soll awer net esou bleiwen, well eis vum spéideren Owend un neie Reen aus Frankräich erreecht. D’Temperaturen erreechen e Maximum vun tëscht 12 a 16 Grad a gi spéiderhin op tëscht 8 an 11 Grad zréck.

De Sonnde verleeft änlech, mee tendenziell mat manner Nidderschlag. Mir starte naass an den Dag, vum fréie Nomëtten u gëtt et awer ëmmer méi frëndlech an d’Sonn weist sech méi oft. An der Nuecht op de Méinden ass den Himmel kloer bis liicht wollekeg. Nodeems d’Wäerter am Dag op tëscht 10 a 14 Grad klammen, ginn se an der Nuecht op de Méinden op tëscht 2 a 5 Grad zréck.