Bléck op de Weekend: De Samsde gëtt warscheinlech de frëndlechsten Dag

Zu Lëtzebuerg stinn och deemnächst naass Momenter un – fir e Samsde gëtt et awer e bëssen “Hoffnung”.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Weiderhin dominéiert déiwe Loftdrock iwwert dem Atlantik an och de britteschen Inselen iwwert eist Wieder, iwwerdeems héije Loftdrock iwwert dem Mëttelmierraum läit. Lëtzebuerg läit tëscht dësen zwee Gebitter a kritt et doduerch och aktuell esouwéi weiderhin mat variablem Wieder ze dinn.


D’Grousswiederlag bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Fir e Samsde besteet awer d’Chance, dass Lëtzebuerg méi op d’Säit vum Héichdrockafloss geréit – dohier huet den Dag d’Potenzial, de beschte vum Weekend ze ginn. E Nieweneffekt dovun ass awer och, dass et iwwerduerchschnëttlech mëll fir d’Joreszäit ass.

Wat hu mir ze erwaarden?

E Bléck op déi aktuell Modellkaarte weist ëmmer nach d’Kalfront fir muer, duerch déi et naass gëtt. All ze nennenswäert/héich Quantitéite sollten awer trotzdeem net zesummekommen. Mir starte wollekeg an den Dag, d’Kalfront erwaart eis vum Virmëtten un an zitt sech bis an den Owend eran. Direkt hannendru setzt den héije Loftdrock an, vun dem mir virdru geschwat hunn. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 10 a 14 Grad, lokal kënne nach eng Kéier bis zu 15 Grad optrieden.

Bis an de fréie Samsdemoien era ginn d’Temperaturen op tëscht 4 a 7 Grad zréck, wat ëmmer nach zimmlech mëll fir d’Joreszäit ass. Ier mir eppes vum bësse bessere Wieder mierken, musse mir awer warscheinlech nach eng Partie Niwwelfelder iwwert eis ergoe loossen. Spéitstens am Nomëtte sollt sech d’Sonn dann e bësse weise kommen, iwwerdeems et dréche bleift. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 9 an 11 Grad, eng 12 kann direkt un der Grenz zu Frankräich net ausgeschloss ginn.


D’Kalfront, déi eis e Sonnden erwaart | Grafik: wxcharts.com

An der Nuecht op e Sonnde schläiche sech erëm lues a lues méi Wolleken an d’Land, vum Nomëtten un ass aus westleche Richtungen op e Neits mat enger Kalfront ze rechnen. Dës Kalfront soll a Saache Reen méi aktiv sinn wéi déi, déi eis muer usteet. Bis an de Méindevirmëtten era kann et naass ginn, ier dann am Dag selwer weider “nei” Nidderschléi aus der Belsch eragezu kommen. Mir packen et erëm op mëll 7 bis lokal 11 Grad.