Bléck op de Weekend: De Summer mécht eng Paus

An der Nuecht op den Donneschden huet eis eng Kalfront passéiert, duerch déi d’Summerwieder mol rem Paus maache wäert.

Temperature falen e gutt Stéck

De Mëttwoch ass et virlafend vun enger Kalfront zu deels méi zolitte Wiedere komm – dat meeschtens mat Staarkreen an engem spierbare Wand. An der Nuecht op den Donneschden huet eis eng Kalfront passéiert, déi eis Temperaturen e gutt Stéck faale geloss huet. Nodeems um Mëttwoch a schmeierer Loft nach Wäerter vun ëm 28 Grad areecht goufe, waren et um Donneschde just nach meeschtens ëm 18 Grad areecht. A wéi ass et mam Weekend?

Freiden, 05. Juni 2020

De Freidemoien ass et staark wollekeg, et sollt awer nach meeschtens dréche bleiwen. D’Temperature leien tëscht 7 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op 9 bis 13 Grad erop. Aus Weste gëtt et ëmmer méi fiicht, et ass mat éischtem Reen ze rechnen. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 11 bis 16 Grad areecht, de Wand bléist zäitweis staark aus West- Südwesten. An de Spëtzte si 60 km/h méiglech. Et bleift gro, et reent ëmmer rem. Um Owend gëtt et lues a lues manner naass, an der Nuecht op de Samsde sollt et definitiv dréche bleiwen. D`Temperature ginn op 10 bis 6 Grad zréck.

Eng Kalfront mécht sech breet (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 06. Juni 2020

De Samsdemoien ass et wollekeg an et reent, d’Temperature leien tëscht 8 an 10 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 11 bis 15 Grad erop, et bleift naass. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 13 bis 18 Grad areecht, de Wand bléist méisseg aus West- Südwesten. An de Spëtzten ass mat 55 km/h ze rechnen. D’Schauerwarscheinlechkeet geet zréck, d’Sonn ka sech no a no besser weise kommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 9 bis 6 Grad zréck, et ass liicht wollekeg – et gëtt a Richtung Sonndemoien awer rem méi bedeckt. Reene sollt et awer net.

Sonnden, 07. Juni 2020

De Sonndemoien ass et meeschtens wollekeg, et bleift awer dréchen. D’Temperature leien tëscht 8 an 11 Grad a klammen am Virmëtten op 11 bis 15 Grad erop. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 14 bis 18 Grad areecht, de Wand bléist liicht spierbar aus Südwesten. An de Spëtzte si 35 km/h ze erwaarden. Tëschenduerch kënnt sech d’Sonn mol weisen, oft sinn awer nach méi déck Wolleken ënnerwee. Eenzel Schauere kënne mol nach virkommen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 10 bis 6 Grad zréck, den Himmel ass meeschtens kloer.