Bléck op de Weekend: De Wiederëmschwong kënnt!

No bal enger ganzer Woch mat héijem Loftdrock bunnt sech lues a lues e Wiederchangement un.

Den héije Loftdrock, dee sech de vergaangene Weekend opgebaut huet a sech iwwer d’Woch dunn iwwer Mëtteleuropa geluecht huet, schwächelt lues awer sëcher. De Weekend gëtt et méi gro, méi mëll an zäitweis demno wéi och méi fiicht. Mir gerode kuerzgesot rem ëmmer méi ënnert eng zyklonal Westwiederlag.

Freiden, 24. Januar 2020

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, ausser de Niwwel kriit sech net opgeléist – dann hu mir et, genee wéi um Donneschde, meeschtens mat méi onfrëndlechem Wieder ze dinn. D’Temperature leien tëscht -4 a -2 Grad, glat Stroosse sinn ze erwaarden. Am Virmëtte klammen des Wäerter op -3 bis 0 Grad erop, et besteet weiderhin d’Wahrscheinlechkeet vu glate Stroossen. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vu 5 bis 7 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach mat Spëtzte vun 20 km/h aus verschiddene Richtungen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 2 bis -1 Grad zréck, glat Stroosse si rem méiglech. Spéitstens a Richtung fréie Samsdemoie komme Wolleken aus Süden eragezunn, wann et net souwisou scho gro war duerch Niwwel.

De Verlaf vum Weekend vun uewe gekuckt (GFS – wxcharts.com)

Samsden, 25. Januar 2020

De Samsdemoien ass et liicht wollekeg, eenzel Niwwelfelder sinn ze erwaarden. D’Temperature leien tëscht -3 an 2 Grad a klammen am Virmëtten op -1 bis 2 Grad erop. Glat Stroosse si méiglech. Et gëtt no a no méi gro, wann et dat net souwisou scho war duerch de Niwwel. Mëttes an am Nomëtten ass mat Maximaltemperature vun 3 bis 6 Grad ze rechnen, de Wand bléist schwaach aus Süd- Südoste mat Spëtzte vun 20 km/h. Et ass meeschtens wollekeg, just mat ganz vill Chance ass eventuell mol e sonnege Moment tëschenduerch méiglech. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 4 bis 1 Grad zréck, et ass nëmme liicht wollekeg bis plazeweis souguer kloer. Niwwelfelder kënnen awer ëmmer nach net ausgeschloss ginn.

Sonnden, 26. Januar 2020

De Sonndemoien ass et meeschtens kloer bis liicht wollekeg, méi déck Niwwelfelder kënnen ufanks awer och net ausgeschloss ginn. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad, glat Stroosse kënnen also och mol optrieden. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 2 bis 4 Grad erop, et ka weiderhi gro sinn duerch Niwwel. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vu 5 bis 8 Grad areecht, et kommen ëmmer méi Wolleken an d’Spill. Et sollt awer meeschtens drëche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op 7 bis 5 Grad zréck, aus westleche Richtunge gëtt et ëmmer méi bedeckt a naass. Eng Kalfront kënnt op eis duer, dat mat engem ëmmer méi opliewende Wand.