Bléck op de Weekend: Déi éischt Kéier 30 Grad & e Stéck méi schmeier

Den éischten héichsummerleche Weekend vun der Saison steet virun der Dier.

Advertisement

E waarme Weekend steet un

Fir déi éischt Kéier an dëser Saison ass mat Temperature vun 30 Grad a liicht driwwer ze rechnen. Mat dobäi gëtt et awer och zäitweis en Tick méi schmeier, Schaueren an Donnerwieder sollten eis awer nach gréisstendeels a Rou loossen.


De Verlaf vun der Loftmassentemperatur op 1,5km Héicht iwwert de Weekend | Animatioun: wxcharts.com

Vun der Grousswiederlag hier leien d’Iwwerreschter vum Stuerm, deen an de leschten Deeg Deeler vu Portugal an Otem gehalen huet, iwwert dem Atlantik. Duerch déi zyklonal Stréimung dovun & déi antizyklonal vun engem Héich iwwert dem Nordoste vun Europa kommen aus dem Mëttelmierraum däitech méi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gefloss.

De Verlaf

De Freide weist sech d’Sonn erëm besser wéi an de leschten Deeg, dotëscht sinn awer nach e puer eenzel Wolleken ënnerwee. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 25 a 29 Grad, lokal begrenzt kënnen och mol 30 Grad erreecht ginn. De Risk vun enger eenzelner Schauer oder och engem Donnerwieder ass däitlech méi niddereg wéi an den Deeg virdrun.

E Samsde geet et waarm virun, et kënnen héichsummerlech 27 bis 31 Grad erreecht ginn. Et zéie just e puer eenzel Wolleken duerch, et ass schéi sonneg. D’Schauerwarscheinlechkeet ass geréng, just fir de Norden a Nordoste vu Frankräich ass e Risk fir Donnerwieder virausgesot.

E Sonnde geet et mat Maximaltemperature vun tëscht 27 an 30 Grad virausgesot, et geet genee esou virun. D’Sonn ass déi ganzen Zäit ze gesinn, et zéie just e puer vereenzelt Wolleken duerch.