Bléck op de Weekend: Déifdrockafloss hëlt ëmmer weider zou

A Richtung Sonnde gerode mir ëmmer méi staark ënner Déifdrockafloss. Dowéinst wäert och d’Reewarscheinlechkeet bis dohin ëmmer weider klammen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Um Freiden hu mir et mol nach mat geréngem Héichdrockafloss ze dinn, mee dat ännert sech schonn am Laf vun e puer Stonnen. Iwwert dem Atlantik läit e grousst Orkandéif, dat mat engem Kärdrock vu just ëm 946 hPa. Dëst Déif verlagert sech bis an de Sonnden eran a Richtung Norde vun de britteschen Inselen an dréckt doduerch och zu engem gudden Deel an de mëtteleuropäesche Kontinent eran. Hellefen deet dobäi dann och nach e Randdéif, wat sech iwwert der Nordséi forméiere wäert. Dat heescht, dass och bei eis den Déifdrockafloss ëmmer méi markant gëtt – an doduerch wäerten och déi naass & méi lefteg Momenter weider zouhuelen.


D’Haaptdéif nërdlech vun de britteschen Inselen, e Randdéif quasi iwwert der Nordséi fir e Sonndenowend | Grafik: wxcharts.com, Edit: Météo Boulaide

De Verlaf

Muer um Freide si vill Wolleken ënnerwee, plazeweis kënnt et och zu Niwwelfelder. D’Sonn huet duerch den Dag verdeelt also net grad déi bescht Chancen, komplett onméiglech si sonneg Momenter awer trotzdeem net. Et ginn 8 bis 10 Grad erreecht, punktuell si liicht Nidderschléi méiglech. De Samsden erwaart eis en änlechen Dag, just soll d’Warscheinlechkeet fir en eenzelne sonnege Moment liicht besser ausfalen. Haaptsächlech a Richtung Owend soll et erëm zu eenzelne Schauere kommen. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 7 an 10 Grad, de Wand ass an de Spëtzte mat bis ëm 55 km/h ënnerwee.

E Sonnden erwëscht eis dann de momentane Modellrechnunge no e gréissert Reegebitt, dat vum spéidere Nomëtten un. Mee och schonn virdrun ass mat Schaueren ze rechnen, d’Temperature packen et op tëscht 7 an 10 Grad. Vum fréie Moien un bis an de fréie Méindemoien era kann et jee no Modell 10 l/m² reenen.