Bléck op de Weekend: Déifdrockafloss hëlt zou, Reewarscheinlechkeet

Pénktlech fir de Weekend kréie mir et erëm mat déiwem Loftdrock ze dinn. Wéi sech dëst op eist Wieder auswierkt, gesi mir an dësem Artikel.

D’Grousswiederlag

Et war elo erëm eng gutt Zäit méi roueg bei eis. Elo de Weekend stellt sech d’Wiederlag awer e bëssen ëm an erméiglecht et, dass et endlech mol erëm zu e bësse Reen komme kann. D’Temperature loosse sech dovun awer och net all ze grouss beandrocken.

De grosten Dag gëtt viraussiichtlech de Sonnde, well do en Déif méi oder manner genee iwwert eis leie soll. Vum Dënschdenowend u soll et dann viraussiichtlech erëm zu enger Verstäerkung vum Héichdrockafloss kommen.


D’Grousswiederlag bis de Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 22. Abrëll 2022

De Freidemoien ass et wollekeg, d’Temperature leien tëscht 6 an 8 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 10 a 15 Grad erop. Tëscht de Wolleke ginn et och mol Opkläerungen. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 16 an 20 Grad ze erwaarden, de Wand bléist zäitweis spierbar aus Ost-Nordosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et gëtt erëm e Stéck méi wollekeg, d’Sonn kënnt sech net méi grad esou oft weisen. Et sollt dréche bleiwen. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 an 10 Grad zréck, de Reen sollt nach aus bleiwen.

Samsden, 23. Abrëll 2022

De Samsdemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 8 an 10 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 12 a 15 Grad erop. Et bleift zimmlech bedeckt, lokal begrenzt sinn eenzel Nidderschléi och net onméiglech. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 16 a 19 Grad ze erwaarden, de Wand bléist liicht spierbar aus Ost-Südosten. An de Spëtzten ass e mat 40 km/h ënnerwee. Et bleift zimmlech bedeckt, lokal kann et weiderhi mol naass ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 7 an 10 Grad zréck, et ännert net all ze vill.

Sonnden, 24. Abrëll 2022

De Sonndemoien ass et staark bedeckt, d’Temperature leien tëscht 6 a 9 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 9 an 12 Grad erop. Et bleift bedeckt, vu Süden hier drécke Reeschaueren eran. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 12 a 16 Grad ze erwaarden, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Südosten. An de Spëtzten ass e mat 30 km/h ënnerwee. Et bleift zimmlech bedeckt, ëmmer erëm kann et mol bësse naass ginn. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 4 an 8 Grad zréck, et erwaart eis kee gréissere Changement.