Bléck op de Weekend: Déiwe Loftdrock iwwerhëlt d’Haaptroll

Nodeems sech elo schonn zanter Deeg héije Loftdrock bei eis ophält, wäert et elo all Moment domat eriwwer sinn. Et gëtt erëm Plaz fir méi variabelt Wieder gemaach.

Grousswiederlag

Nach läit e gréissert Héichdrockgebitt iwwert eis, wat awer am Laf vun de nächste Stonnen an Deeg weider a Richtung Oste vum Kontinent gedréckt gëtt. Doduerch geet d’Dier fir Déifdrockgebitter erëm op, déi vum Atlantik hier an eis Géigenden iwwergräife kënnen. D’Warscheinlechkeet vu Nidderschléi klëmmt also erëm. Vun de Loftmassen hier bleift et nach bis an de fréie Sonnden eran zimmlech mëll an och liicht ze waarm fir d’Joreszäit. Duerno geréit op der Récksäit vum Déif däitlech méi kill Loft bei eis, déi am Laf vun der kommender Woch eventuell erëm Buedemfrascht mat sech brénge kann.


Den déiwe Loftdrock feiert geschwënn säi Comeback | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Freiden, 29. Oktober 2021

De Freidemoien ass et kloer bis liicht wollekeg, mee et sinn och erëm Niwwelfelder mat méiglech. D’Temperature leien tëscht 7 a 9 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 10 an 13 Grad erop. Soubal de Niwwel fort ass, kritt sech d’Sonn erëm gewisen. Et komme lues a lues méi déck Wolleken op. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 14 a 19 Grad ze erwaarde, Sonn a Wolleke wiessle sech of. Et bleift nach dréchen. De Wand bléist spierbar aus südleche Richtunge mat Spëtzte vu 45 km/h. A Richtung Owend gëtt et a klenge Schrëtt méi wollekeg. Um Owend an an der Nuecht kommen aus Weste kompakt Wolleken eragezunn, déi virun allem an der fréier Nuecht zu Schauere féiere wäerten. D’Temperature pendle sech bei tëscht 9 an 13 Grad an.

Samsden, 30. Oktober 2021

De Samsdemoien ass et meeschtens bedeckt duerch Wolleken a Niwwelfelder, Fisemreen ass lokal méiglech. D’Temperature leien tëscht 8 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 11 an 13 Grad erop. Et bleift staark bedeckt an et kann och weiderhin heiansdo naass ginn. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 12 a 15 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar aus Süden. An de Spëtzten ass e mat 45 km/h ënnerwee. Et mécht sech Reen breet, dat groussflächeg. Um Owend an an der Nuecht ginn d’Temperaturen op tëscht 9 an 12 Grad zréck, den Himmel bleift zou an et gëtt weiderhin zäitweis naass.

Sonnden, 31. Oktober 2021

De Sonndemoien ass et staark bedeckt bis niwwleg, et ass mat Fisemreen bis hin zu liichtem Reen ze rechnen. D’Temperature leien tëscht 8 an 12 Grad a klammen am Virmëtten op tëscht 12 a 15 Grad erop. Et bleift meeschtens gro, de Nidderschlag sollt sech awer zréckzéien. Mëttes an am Nomëtte si Maximaltemperature vun tëscht 14 an 18 Grad ze erwaarden, de Wand bléist spierbar bis stramm aus Süd-Südwesten. An de Spëtzten ass e mat 50 km/h ënnerwee. Et bleift gro an et reent ëmmer méi oft. Och an der Nuecht op de Méinde soll et naass bleiwen, d’Temperature ginn op tëscht 7 an 11 Grad zréck.