Bléck op de Weekend: Den Atlantik bréngt eis Reen a méi héich Temperaturen

Fir de Weekend iwwerhëlt den Atlantik erëm d'Regie. Een Déif nom aneren zitt duerch, et ass also definitiv mat Reen ze rechnen. Nieft méi héijen Temperature gëtt och de Wand en Thema.

Advertisement

Advertisement

D’Grousswiederlag

E groussen Déifdrocksystem, deen iwwert dem nërdlechen Atlantik läit, verlagert sech a Richtung brittesch Inselen. Déi éischt Déifer, déi zu dësem System dozougehéiere, erreechen eis dëse Weekend. Et ass mat zäitweis méi kräftegem Reen, spierbarem bis stiermeschem Wand an awer och méi héijen Temperaturen ze rechnen.


D’Grousswiederlag de Weekend iwwer | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Den Dag vun haut geet mol nach gréisstendeels gro op en Enn, d’Nidderschléi falen awer net méi nennenswäert aus. Aktuell (08.12.2023 – 14:25 Auer) leien d’Temperature bei 5 bis 7 Grad. Bis muer de Moie fréi, also Samsdemoie, ginn d’Wäerter op tëscht 4 a 6 Grad zréck.

Spéitstens vum Samsdevirmëtten un erreecht eis aus Westen lues a lues groussflächege Reen, deen eis bis an de spéidere Nomëtten/fréien Owend era wäert beschäftegen. Zäitweis kann dësen och méi kräfteg ausfalen. D’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 7 a 9 Grad, fläit kéint och un den 10 Grad gekrazt ginn. De Wand ass stramm bis stiermesch ënnerwee a kann duerchaus Vitesse vu 75 km/h erreechen. An der Nuecht pendele sech d’Temperaturen tëscht 3 a 6 Grad an, e puer Nidderschléi si mol nach ënnerwee.

E Sonnde bleift et gréisstendeels gro duerch Wolleken a Niwwelfelder, haaptsächlech vum Owend u kënnt erëm méi groussflächege Reen op. D’Temperature packen et op tëscht 6 a 9 Grad, de Wand ass zwar nach spierbar mee net méi stiermesch ënnerwee. De Nidderschlag hält sech bis an de fréie Méindemoien eran, d’Temperature leien tëscht 7 a 9 Grad.