Bléck op de Weekend: Den Héichdrockafloss hëlt of

Eis erwaart zwar net vill Reen – mee well mir ëmmer méi un de Rand vum Héich geroden, gëtt et tendenziell méi dréif an och geréngfügeg naass.

Advertisement

D’Grousswiederlag

No der Kalfront vun de Moien verlagert sech eist Héichdrockgebitt erof an de Südweste vun Europa. Dat bréngt mat séch, dass sech d’Sonn an de nächsten Deeg weiderhi net all ze oft weist – tendenziell esouguer nach manner. Duerch niddereg Wolleken an och Niwwelfelder ass zäitweis och mat liichtem Gefisems ze rechnen. Viraussiichtlech ännert sech och an der éischter Hallschent vun der nächster Woch net vill drun.


De viraussiichtleche Verlaf vum Weekend | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

Muer um Freiden ass den Himmel liicht wollekeg bis hin zu dréif, mir starte mat Temperature ronderëm 0 Grad an den Dag a packen et am Nomëtten op e Maximum vun tëscht 5 a 7 Grad. Den Himmel bleift éischter dréif, just mat Chance si sonneg Momenter dobäi. An der Nuecht op e Samsde komme Niwwelfelder op, inklusiv Gefisems. Mat 4 bis 7 Grad gëtt et awer net méi esou kal.

Am Laf vum Samsdenomëtten ass mat Maximaltemperature vun tëscht 6 a 9 Grad ze rechnen, den Himmel ass weiderhin dréif a just mat Chance ass d’Sonn mol dobäi. Geréngfügege Nidderschlag ass méiglech.

Nodeems d’Temperaturen an der Nuecht op e Sonnden op tëscht 4 a 7 Grad “zréckgaange” sinn, sinn bis an de Nomëtten erëm Maximalwäerter vun tëscht 6 an 8 Grad ze erwaarden. Et zéie vill Wolleken duerch, just mat Chance luusst d’Sonn mol kuerz duerch.

Wa mir kuerz op déi nei Woch kucken, da ka sech virun allem um Méinden heiansdo d’Sonn weisen. A Richtung Mëtt der Woch kënnt eng gréisser Kalfront op.