Bléck op de Weekend: D’Temperature klamme kontinuéierlech

E Freide leie mir nach ënner liichtem Déifdrockafloss, deen e Samsden an e Sonnde selwer awer wäert ofhuelen. Et gëtt ëmmer méi waarm an et bleift dréchen.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Um Freide läit en Déifdrockkomplex iwwert dem nërdlechen Atlantik. Eent vun den agelagerten Déifdrockgebitter läit mat sengem Kär iwwert dem skandinavesche Raum, wat dann nach seng schwaach ausgepräägt Fühleren iwwer Lëtzebuerg leien huet. E Samsde verzitt sech dësen Afloss, den héije Loftdrock iwwer Südwest a Südeuropa kënnt bei eis ëmmer méi zur Geltung.


De viraussiichtleche Verlaf bis e Sonnden inclus | Animatioun: wxcharts.com

Déi éischt Schéinheetsfeeler kënnen dann Ufanks der neier Woch an hëtzegen a schmeierwaarme Loftmasse virkommen, mee dozou gëtt et dann e separaten Artikel.

De Verlaf

Muer um Freide sinn, zwar och nieft e puer sonnege Momenter, nach e puer méi déck Wolleken ze erwaarden. Dës zéie sech bis an de spéidere Nomëtten eran, bis dohin ass och nach duerch den uewe genannte liichten Déifdrockafloss lokalen a geréngfügege Nidderschlag net ausgeschloss. D’Warscheinlechkeet dofir ass an der Nordspëtzt am héchsten. Spéitstens vum Owend un verzéie sech d’Wolleken ëmmer méi, mir kréien et mat enger klorer bis liicht wollekeger Nuecht ze dinn. D’Temperature packen et op 21 bis 25 Grad, punktuell ass och eng 26 net ausgeschloss.

De Samsden an e Sonnde hëlt den Héichdrockafloss awer zou, et zéie just nach e puer eenzel Wolleken duerch iwwerdeems sech d’Sonn ëmmer erëm weist. E Samsde si mir mat 23 bis 27 Grad dobäi (punktuell 28 Grad), e Sonnde sinn et 27 bis 32.

De Peak vun der Hëtzt erwaart eis e Méinden. Dozou kënnt awer geschwënn nach en extra Artikel.