Bléck op de Weekend: D’Temperature klammen an d’Reewarscheinlechkeet geet zréck

De Weekend iwwer schaffe sech d’Temperaturen op e spéitsummerleche Niveau erop.

Advertisement

Advertisement

D’Grousswiederlag

De Weekend iwwer mécht sech ëmmer méi héije Loftdrock iwwert eisem Kontinent breet. Doduerch ginn zur selwechter Zäit och zimmlech waarm Loftmassen aus dem Süde vun Europa ugezaapt, déi eis nach eng Kéier e Schwall u summerlechen Temperature bréngen.


De Verlaf vun de Loftmasse bis e Sonnden | Animatioun: wxcharts.com

De Verlaf

De Weekend gëtt et no a no méi waarm a fir déi nächst Woch wäert et och mat der Sonn ëmmer besser klappen.

Muer um Samsde wiessle sech Sonn a Wolleken of, besonnesch an der éischter Dageshallschent besteet nach eng ganz kleng Warscheinlechkeet vun enger lokaler Schauer. Duerno gëtt et awer ëmmer méi dréchen a sonneg, d’Temperature packen et op e Maximum vun tëscht 22 a 26 Grad. Och an der Nuecht op e Sonnde bleiwen e puer Wolleken ze gesinn, iwwerdeems et awer net méi naass gëtt.

E Sonnde sinn eng Partie Wolleken ënnerwee, dotëscht kënnt sech awer och d’Sonn weisen. De Modellrechnunge no bleift et de ganzen Dag iwwer dréchen, iwwerdeems eis Temperaturen op e Maximum vun tëscht 22 a 26 Grad klammen. An der Nuecht op e Méinden zéien ëmmer nache puer Wolleken duerch, et ass ëmmer nach kee Reen ze erwaarden.

An der neier Woch gëtt den héije Loftdrock ëmmer méi wierksam, d’Temperature klamme virun a krazen esouguer erëm un den 30 Grad.