Bléck op de Weekend: D’Westwiederlag kënnt zréck a bréngt Stuermpotenzial

En Héichdrockgebitt bréngt eis nach bis de Freiden inclus méi schéint Wieder, ier et awer lues a sëcher ëmschloe wäert. Vum Samsden u gëtt et méi onbestänneg a vum Sonnden un och méi stiermesch.

Orkandéif kënnt eis méi no

Um Samsde si mir quasi an enger Iwwergangsphas tëscht dem méi rouegen Héichdrockwieder an dem méi onbestännegen Déifdrockwieder. Et ass mat ville Wolleken ze rechnen, déi och rem Reen mat sech bréngen. De Wand ass scho méi präsent wéi wärend der Woch nach, mee um Sonnde kann do nach sou munches dobäi kommen. Grond dofir ass en Orkandéif, wat mat séngem Kär knapp nërdlech un de briteschen Insele laanschtzéie wäert, dat mat engem Kärdrock vu nëmme 937 hPa. D’Wand- a Stuermfeld vun dësem Déif wäert gréisser Deeler vu Mëtteleuropa beaflossen.

Freiden, 07. Februar 2020

De Freidemoien ass et méiglecherweis nach op e puer Plaze méi gro duerch Niwwel, soss ass et awer och scho méi oft kloer bis liicht wollekeg bei Fréitemperature vu -5 a -1 Grad. Glat Stroosse si méiglech. Am Virmëtte klammen des Wäerter op -1 bis 3 Grad erop, ass de Niwwel fort geschitt dat a Begleedung vun der Sonn. Mëttes an am Nomëtte bleift et bei 6 bis 9 Grad frëndlech, de Wand bléist nëmme schwaach aus Südoste mat Spëtzte vu 25 km/h. Um Owend an an der Nuecht bleift et drëchen. Réischt an der zweeter Nuetshalschend gëtt et aus Weste lues a lues méi wollekeg bei 2 bis -2 Grad. Et ka lokal nach eng Kéier glat ginn, mee dat war et och schon. Déi nächst Nuechte ginn däitlech méi mëll.

Video vum 05. Februar 2020

Samsden, 08. Februar 2020

De Samsdemoien ass et bedeckt, reene sollt et awer net. D’Temperature leien tëscht 1 an 3 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 3 bis 6 Grad erop, et bleift onverännert. Mëttes an am Nomëtte gi Maximaltemperature vun 8 bis 11 Grad areecht, de Wand bléist schwaach bis liicht spierbar aus Süde mat Spëtzte vu 35 km/h. Den een oder anere sonnege Moment kann och nach kuerz dobäi sinn. Um Owend an an der Nuecht leien d’Temperaturen tëscht 5 an 8 Grad. Géint 18/19h gëtt et aus Weste méi naass, vu Mëtternuecht un hält et op mat reenen.

Sonnden, 09. Februar 2020

De Sonndemoien ass et kuerz liicht wollekeg a plazeweis souguer nach niwwleg, d’Temperature leien tëscht 5 an 8 Grad. Am Virmëtte klammen des Wäerter op 9 bis 10 Grad erop, et gëtt séier méi gro. Mëttes an am Nomëtten ass et nach gréisstendeels drëchen, de Wand bléist spierbar bis deels scho liicht stiermesch aus Südweste mat Spëtzte vu 75 km/h. Vum Owend u kënnt de Reen vu Westen hier an d’Land eran an intensivéiert sech a Richtung zweet Nuetshalschend. Och de Wand gëtt méi staark. Et ass mat Spëtzte vu 75 bis 105 km/h ze rechnen, just ënner Ëmstänn kéint et mol driwwer goen. D’Temperature bleiwen am mëlle Beräich vu 6 bis 11 Grad.