Bléck op de Weekend: E fir d’Joreszäit waarme Weekend steet un

Fir de Weekend komme jo, wéi schonn laang ugekënnegt, däitlech méi waarm Loftmassen op Lëtzebuerg gezunn. Kucke mir eis also un, ob et tatsächlech fir déi labber Kleedung duergeet.

Advertisement

D’Grousswiederlag

Nodeems de Freiden nach d’Warscheinlechkeet vun enger klenger Schauer besteet, gerode mir e Samsden zimmlech séier ënnert eng iwwerduerchschnëttlech waarm Stréimung aus Südwest. Erbäigefouert gëtt dës duerch e Stuermdéif, wat vun den Azoren hier knapp westlech un Irland wäert laanschtzéien. Duerch zousätzlechen Héichdrockafloss iwwer Deeler vun Däitschland, mee awer och dem Alperaum inkl. Italien, gëtt déi südwestlech Stréimung ënnerstëtzt.


Esou kommen d’Loftmassen de Weekend aus Afrika erop | Animatioun: wxcharts.com

Duerch dës staark Stréimung wäert awer och e Saharastëbs erëm en Thema ginn, deen d’Temperaturentwécklung warscheinlech awer och e bësse kann aschränken.

De Verlaf

Wéi gesot, zitt e Freide mol nach e Pak Wolleken duerch, deen eis heiansdo mol nach eng liicht Schauer ka bréngen. Tëschenduerch sinn awer och eenzel sonneg Momenter dobäi, d’Temperature packen et op tëscht 15 an 20 Grad.

E Samsde kënnt et ganz drop un, wéi séier d’Wollek mam Saharastëbs zu Lëtzebuerg ukënnt. Wa mir gären de volle Potenzial vun der Loftmass wëllen ausnotzen, da wier et gutt, wann se eréischt am spéidere Nomëtte kéim. Den aktuelle Stand beseet, dass et awer esou géint 14 Auer sollt der Fall sinn. Do virdrun kéint et also nach, méi oder manner, ongehënnert méi waarm ginn. Sollt de Stëbs keen ze groussen Hindernis ginn, da kënne Maximaltemperature vun tëscht 22 a 25 Grad optrieden, eventuell och eng 26. Ass et awer anescht, an de Stëbs kënnt nach éischter, da kënnen dës Wäerter bis op 22 oder 23 Grad gedrosselt ginn. Et bleift awer op alle Fall dréchen.


D’Konzentratioun vum Saharastëbs kënnt e Samsdemëtten un a wäert labber bis an déi nei Woch eran halen | Grafik: forecast.uoa.gr

E Sonnde komme schonn erëm lues a lues e puer Wolleken eragezunn, also méi wéi um Samsden. Am Nomëtte besteet eng kleng Warscheinlechkeet vu Nidderschléi, dësen zitt sech bis an den Owend eran. D’Temperature beweege sech an engem Beräich vun tëscht 14 an 22 Grad.

Vun en Dënschden u suergt en Déifdrockgebitt erëm fir méi kal Loftmassen.